Pressematdeelung 07.01.2018 Nationalkongress 2018 … konservativ, patriotesch, fräiheetlech.

D’Partei déi Konservativ huet de 7. Januar 2018 hire Nationalkongress fir d’Joer 2018 an der “Brasserie Comeback” zu Rodange ofgehal, an dëst, mat engem ganz chargéierte Programm. Esou stoungen e.a, d’Presentatioun vun der Partei an d’Chamberwahlen am Mëttelpunkt vum Parteidag. D’Partei huet sech och e neie Komitee ginn, fir d’politesch Geschécker an Zukunft ze leeden.…

Pressematdeelung 05.12.2017 Wahlëmfro oder Wahltäuschung?

D’Partei déi Konservativ stellt fest, datt si eng vun deenen offizielle politesche Parteien ass, déi am neiste Sondage vum TNS Ilres Monitor vum 30. November 2017 ausser Uecht gelooss gouf. Dëst ass net déi éischte Kéier, datt eis Partei, “vergiess” gouf! Nieft eis als déi Konservativ, goufen och déi aner Klengparteien, ewéi d’Piratepartei, d’Partei fir…

Pressematdeelung 29.11.2017 Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert, op Demande vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, per Pressematdeelung op déi aktuell Diskussiounen ëm’t de Reformstatus an d’politesch Fuerderungen säitens der Fonction Publique un d’Adresse vun de politesche Parteien an d’Regierung. Als Partei, bezéie mir eis gären op eis jéngst Pressematdeelung vum 16. November 2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der…

Pressematdeelung 24.11.2017 Fir den Erhalt vun der Gesellschaftsethik: Et gi just zwou Geschlechtsidentitéiten!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Skepsis a Kritik fest, datt sech de Regierungsrot den 12. Mee 2017 mat enger gender-politescher Fro chargéiert huet, fir iwwert d’Aféierung vun engem drëtte Geschlecht am Etat Civil no ze denken, a sech, geméis ganz ëmstriddene Resolutioune vum Europarot, un der Iddi vun enger méi “breeder Offer u Gechlechter” an…

Pressematdeelung 22.11.2017 E bëssen Tempo mam Vermummungsverbuet!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Bedauere fest, datt de Gesetzprojet 7179 – oder am Volleksmond d’Burkagesetz, ee negativen Avis vum Staatsrot krut; dëst, nodeems exakt Präzisiounen fir d’Verfassungskonformitéit am Text vum Gesetzprojet feelen. Duerch dësen Ëmstand, verzögert sech d’Akraaftriede vun engem wichtege Gesetz zur allgemenger, ëffentlecher Sécherheet. Nom negativem Avis vum Staatsrot, fuerdere mir een…

Pressematdeelung 21.11.2017 Keng Ausbeutungspolitik am Privatsecteur ass d’Léisung!

D’Partei déi Konservativ schléisst sech mat dëser Pressematdeelung gären der Gewerkschaftskritik un, a steet genee ewéi si, fir déi politesch a sozial Interessevertriedung am Beruffsliewen, sou zum Beispill am Dossier vun der Liberaliséierung vun den Ouvertureszäiten am Commerce. Als Partei si mir der Meenung, datt de Verdéngscht, de Congé, d’Aarbechtskonditiounen, an d’Rechter vum Salarié am…