Als klenge Rappell: Eis Positioun zum CGFP-Ultimatum.

Pressematdeelung 19.02.2018 Als klenge Rappell: Eis Positioun zum CGFP-Ultimatum.

D’Partei déi Konservativ mellt sech via Pressematdeelung op e Neits zu Wuert, well si, bezunn op den CGFP-Ultimatum, engersäits nach eemol de Rappel fir hir politesch Positioun maache wëll, anerersäits, op d’Pressematdeelunge vum 16.11.2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!” a vum 29.11.2017 mam Titel “Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!” verweise wëll,…

Pressematdeelung 30.01.2018 D’neit Gesetz zur Fleegeversécherung: a Richtung desozialiséierte Mënsch?

D’Partei déi Konservativ hëlt mat selwechter Suerg, a schaarfer Kritik, wéi d’Federatioun Copas (Confédération des Organismes Prestataires d’Aides et de Soins) d’Changementer an der Fleegeversécherung zur Kenntnis, déi mam neie Gesetz, e gutt Stéck antisozial Realitéit ginn. E gutt Beispill vun ënnerloossen Hëllef a Virsuerg, ass d’Bestrofung vu Mënsche mat Schicksal-Situatioun opgrond vun Alter, Krankheet,…

Pressematdeelung 25.01.2018 Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch!

Fir d’Lëtzebuerger Sprooch mat Status als EU-Sprooch! D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung op d’Aussoe vun der Europadeputéiert Mady Delvaux, déi an engem rezenten Interview iwwert Minoritéitssprooche gemengt huet, datt si kee Wäert gesäit, sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch an der EU staark ze maachen, an domat keen Interessi weist, fir eiser Sprooch de Status…

Léif Frënn vun déi Konservativ,

Wann och net, ewéi versprach, ganz vill Interview iwwert eise Kongress, sou war et trotzdem eng gutt Geleeënheet, mol mat Viruertdeeler an Onwourrechte op ze raumen.

De Joe Thein am Interview mat 100komma7.

déi Konservativ

hei ass de Link zum Interview

https://www.100komma7.lu/article/aktualiteit/richteg-patrioten

Pressematdeelung 07.01.2018 Nationalkongress 2018 … konservativ, patriotesch, fräiheetlech.

D’Partei déi Konservativ huet de 7. Januar 2018 hire Nationalkongress fir d’Joer 2018 an der “Brasserie Comeback” zu Rodange ofgehal, an dëst, mat engem ganz chargéierte Programm. Esou stoungen e.a, d’Presentatioun vun der Partei an d’Chamberwahlen am Mëttelpunkt vum Parteidag. D’Partei huet sech och e neie Komitee ginn, fir d’politesch Geschécker an Zukunft ze leeden.…

Pressematdeelung 05.12.2017 Wahlëmfro oder Wahltäuschung?

D’Partei déi Konservativ stellt fest, datt si eng vun deenen offizielle politesche Parteien ass, déi am neiste Sondage vum TNS Ilres Monitor vum 30. November 2017 ausser Uecht gelooss gouf. Dëst ass net déi éischte Kéier, datt eis Partei, “vergiess” gouf! Nieft eis als déi Konservativ, goufen och déi aner Klengparteien, ewéi d’Piratepartei, d’Partei fir…

Pressematdeelung 29.11.2017 Eis Positioun: Fir d’gewerkschaftlech Sozialinteressen!

D’Partei déi Konservativ reagéiert, op Demande vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, per Pressematdeelung op déi aktuell Diskussiounen ëm’t de Reformstatus an d’politesch Fuerderungen säitens der Fonction Publique un d’Adresse vun de politesche Parteien an d’Regierung. Als Partei, bezéie mir eis gären op eis jéngst Pressematdeelung vum 16. November 2017 mam Titel “Nee fir d’Internationaliséierung vun der…

Pressematdeelung 24.11.2017 Fir den Erhalt vun der Gesellschaftsethik: Et gi just zwou Geschlechtsidentitéiten!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Skepsis a Kritik fest, datt sech de Regierungsrot den 12. Mee 2017 mat enger gender-politescher Fro chargéiert huet, fir iwwert d’Aféierung vun engem drëtte Geschlecht am Etat Civil no ze denken, a sech, geméis ganz ëmstriddene Resolutioune vum Europarot, un der Iddi vun enger méi “breeder Offer u Gechlechter” an…

Pressematdeelung 22.11.2017 E bëssen Tempo mam Vermummungsverbuet!

D’Partei déi Konservativ stellt mat Bedauere fest, datt de Gesetzprojet 7179 – oder am Volleksmond d’Burkagesetz, ee negativen Avis vum Staatsrot krut; dëst, nodeems exakt Präzisiounen fir d’Verfassungskonformitéit am Text vum Gesetzprojet feelen. Duerch dësen Ëmstand, verzögert sech d’Akraaftriede vun engem wichtege Gesetz zur allgemenger, ëffentlecher Sécherheet. Nom negativem Avis vum Staatsrot, fuerdere mir een…