E gemeinsamt Parteiiëssen

Léif Frënn vun déi Konservativ, De Sonndeg, den 30. Juli hat d’konservativ Partei, e gemeinsamt Parteiiëssen – dëst ganz am Zeeche vun de Gemengerotswahlen vum 8. Oktober 2017! Zësumme mat der Parteispëtzt, Memberen aus dem Nationalkomitee a bal all eise Péitenger Kandidaten, hu mir e puer gemittlech Stonnen an der Gemeng Péiteng zësumme verbruecht, an…

Details

Déi Konservativ wënschen haut um 11. Juni, alle eise Mammen, an deenen déi et ginn, zësumme mat hire Familljen, e schéine Mammendag. Dësen Dag steet zu Éiere vun der Mamm an hirer sou wäertvoller Beruffung fir eis Kanner an eis Natioun – Mamm sinn ass e respektable Beruff, a verdéngt et, honoréiert ze ginn. Mir soen der Lëtzebuerger Mamm Villmools Merci an Alles Guddes!

Details

déi Konservativ – Pressematdeelung 09.06.2017 Congratulations to the Conservative Party

Pressematdeelung 09.06.2017 Congratulations to the Conservative Party. D’Partei déi Konservativ gratuléiert der Conservative and Unionist Party (kuerz Conservative Party) aus dem Vereente Kinnekräich zu hirem Wahlerfolleg béi de Parlamentswahle vum 8. Juni 2017. Trotz dem Verloscht vum absolute Majoritéitsstatus, bleift d’Conservative Party beschtgewielte Partei. Et ass dëst iwwerdeems, net just d’Confirmatioun fir d’Premierministesch Theresa May,…

Details

Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee

Stellungnahm 02.06.2017 Changementer am Nationalkomitee D’Partei déi Konservativ informéiert Iech gären, no hirem Nationalkomitee vum 1. Juni 2017 iwwert decidéiert, personell Changementer, um Niveau vun der Parteispëtzt. Mam Ausscheede vun dräi Komiteesmemberen aus dem Nationalkomitee, dem Guy PEIFFER (datéiert op den 23. Mee), dem Guy MALANÉ (datéiert op den 30. Mee) an dem Pol MORANG…

Details

Pressematdeelung 24.05.2017 Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet?

Pressematdeelung 24.05.2017 Gelift? Fir méi Gesondheet, manner Fräiheet? D’Partei déi Konservativ steet an hire Prinzipien fir d’Stäerken an d’Verdeedegen vun demokratesche Fräiheete vum Individuum. Mam neie, méi strenge Fëmmgesetz wat elo d’Chamber op Regierungsinitiativ decidéiert, fäert d’Partei allerdéngs ëm ze vill politescht Diktat, an ze vill Staat, bei der Äntwert op d’Fro, wéi d’Privatsphär an…

Details

Deklaratioun Här Buergermeeschter, geéierte Gemengerot, Als Gemengeconseilljee froen ech op dësem Punkt d’Wuert, fir dem Péitenger Gemengerot an der Péitenger Wielerschaft, eng Deklaratioun ze maachen.

Deklaratioun Här Buergermeeschter, geéierte Gemengerot, Als Gemengeconseilljee froen ech op dësem Punkt d’Wuert, fir dem Péitenger Gemengerot an der Péitenger Wielerschaft, eng Deklaratioun ze maachen. De 9. Mäerz 2017 huet meng Memberschaft an der Alternativ Demokratescher Reformpartei (ADR) aus politeschen a perséinleche Differenzen, fir net ze soen, politeschem Parteikrich, offiziell gëendegt. No mengem zäitweilege Status…

Details