Grondsatzprogramm

Wat ass et genee, konservativ ze sinn? Dëse Grondsazprogramm soll Iech eng éischt Iddi ginn, fir wéi eng initial Prinzipien „déi Konservativ“ als Partei stinn. Dëst ass net eise Wahlprogramm. Eise Wahlprogramm, wäert Iech de Konservatismus allerdéngs nach méi no un d’Häerz bréngen. D’Philosophie ass – fir kuerz op den historeschen Ursprong an ze goen – eng politesch Léier, déi ënnert anerem, op de Staatsphilosoph a Politiker Edmund Burke zeréck geet. Dëse Personnage, deen als Papp vum Konservatismus an d’Geschichtsbicher agoung, huet éischtmoleg am 18. Jorhonnert bis un d’not neit Jorhonnert, a besonnesch an der revolutionärer Phase ëmt d’Franséisch Revolutioun an der Ära vun der Opklärung, e neit Weltbild als Géigepol zum Sozialismus a Liberalismus redigéiert. Villes vun dem, wat zum konservative Grondgedanken néiergeschriwwe gouf, huet bis haut seng Richtegkeet. Ma net alles, wat deemools gutt a richteg war, ass haut nach wouer, sou datt och d’Eegenschaft vum Konservatismus sech ze reforméieren, e wichtege Prinzip fir d’politescht Wierken ass!

Eppes wéi d’Manifest vum ideale Konservatismus gëtt et per se net, ma d’Philosophie dréckt sech vill méi duerch d’Gedankewelt a politesch Grondastellungen vun der Suerg, an dem Interessi, ëm a fir d’Zivilgesellschaft an d’Natioun aus, a charakteriséiert sech duerch een typescht Wäerteverständnes mat gesellschaftlecher Liewensweis. Konservativ sinn ass also gläichermoosse politesch, ma och ville Mënschen, an hirem private Liewensstil zu Eegen!

Mir liewen an enger Welt, an där alles immens séier a komplex ass, an engem Zäitalter, an deem sech positive Fortschrëtt an negativ Feelentwécklunge manifestéieren, an där Aal ass, wat gëschter nach Nei gewiescht ass. An d’politesch Parteien an hir Decisiounen, spillen an dësem wiesselsäitegem Prozess eng wichteg Roll, well se déi primäersten a prinzipiellste Verantwortung droen, fir d’Schafung an d’Gestaltung vun der Liewensgrondlag vun all Natioun an all Vollek. Och eist klengt, awer staarkt Lëtzebuerg huet e Recht, op seng Dosinnsberechtegung! Lëtzebuerg ass e Land, mat enger eegener an eenzegaarteger, lëtzebuergescher Identitéit. Eis Partei wäert hiert politescht Engagement, fir d’éischt, an ëmmer, am primäersten Interessi fir eist Land maachen, a mat selbstbewosster Diplomatiekonscht optrieden. Mir ënnerstëtze keng Politik, déi am Desintressi, zu Ongonschten, oder tatsächlech, géint d’Land gemaach oder viséiert gëtt. D’Partei engagéiert sech fräiwëlleg, a mat Léift a Courage fir d’Wuel an d’Zukunft vun eis all. Eise Numm ass gläichzäiteg, Parteiprogramm! An eis Parteiphilosophie, eng Chance fir Lëtzebuerg!

„déi Konservativ“ hu sech mat hirem Entschloss um politesche Liewen deel ze huelen decidéiert, fir um Opbau vun enger méi liewensfrëndlecher, méi demokratescher, méi wäertorientéierter a méi gerechter Gesellschaft matzewierken – d’Zil vun engem ideale Staat, wéi de Platon sot. Mir wëllen och d’Stëmm vum Erhalt sinn, déi d’Ierfschaft vun der Generatiounegeschicht héich hält an dorop opbaut, an d’Stëmm vun der Vernonft, déi d’affirmativ Grondéieren vum Liewe wäertschätzt… d‘Fräiheet, d‘Famill, d‘Liewensqualitéit, an d‘Léift fir d’Land. Mir wëlle mam Land no vir, mä net zu all Präis. De Respekt zur Vergaangenheet an eise Léieren an Erfahrungen sinn abberdéngeg fir de Wee an d’Zukunft.

Mir wëlle virsiichteg a rationell an d’Zukunft goen, dat erhalen, wat erhalenswäert ass, an dat ofleenen, wou d’Modernitéit an d’Neiheet ze vill ass!

Mir wëllen antriede fir dat wat dem Konservatismus säi Kärgedanken ass, e positive Mënsch an e positive Wäertekodex. Dozou gehéieren, e staarken a souveräne Lëtzebuerger Nationalstaat, en demokratesche Rechtsstaat mat Regelen, Prinzipien an Disziplin, an eng konstitutionell-parlamentaresch Monarchie déi d’politesch Stabilitéit, d’Uerdnung, d‘Kontinuitéit, an d’Representativitéit vum Land verkierpert, d’Schafung vun engem echte Sozialstaat wou sozial an ekonomesch Harmonie gedeien, duerch d’Wichtegkeet an de Respekt fir all Beruff, Secteur, a Gesellschaftsschicht, e klassesch liberaalt Land mat sozialer Verantwortung (als eng typesch konservativ Fuerderung) fir e Land an der Participatioun vum Handel mat der Welt, e gesonde Patriotismus mat dem mir eiser Identitéit, eisen Traditiounen, eise Bräich, an eiser Sprooch eng Prioritéit ginn, eng gëeente Gesellschaft déi sech als Lëtzebuerger matenee verstinn, a wou d‘Landsleit an d’integréiert Communautéiten gutt zësumme liewen, e fräit Land, wou d’biergerlech Fräiheeten an d’Recht op Privateegentum a Privatsphär, d’Eegeverwierklechung an d‘Individualitéit, méiglech ass. Bref, mir wëllen d’Partei vum gudden, a klasseschem Konservatismus sinn!

„déi Konservativ“ si guddem Häerzens a guddem Gewëssens geleet, getrei hirer politescher Philosophie, anti-extremistesch an decidéiert géint all Form vu lénker, rietser, a reliéiser Radikalitéit. D’Partei gesäit sech als eng demokratesch Rietspartei, déi sech am politesche Spektrum, mëtt-riets versteet – si definéiert sech op patriotescher a a konservativer Grondlag. D‘Riichtschnouer, déi „déi Konservativ“ vertrëtt, weist sech an de Linne vu Fräiheet, Gerechtegkeet, Wäerteuerdnung, Generationalitéit a gesondem Mënscheverstand. Dëse Grondsazprogramm ass nieft de Statuten an dem Wahlprogramm, de Kader a Kontext, op dem d’Partei fousst.

“When bad men combine, the good must associate; else they will fall one by one, an unpitied sacrifice in a contemptible struggle.”

– Edmund Burke

a) Staatsform a Staatsverständnes

  1. Déi Konservativ bekenne sech voll a ganz zur konstitutionell-parlamentarescher Monarchie – Lëtzebuerg als dat lescht Groussherzogtum op der Welt, an eng, vun de leschte Monarchien. Als demokratesch a pro-monarchistesch Partei, sti mir um Buedem vun eiser Lëtzebuerger Verfassung, an trieden ouni Ausnam, fir de liberale Rechtsstaat mat direkter Demokratie an.
  2. Déi Konservativ si frou, d’Fräiheet an d‘Recht gehat ze hunn, fir sech als politesch Partei forméiert ze hunn, an d’Legitimitéit kruten, bei politesche Wahle mat ze maachen. Dëse Staatsprinzip, soll aus demokrateschem Grondverständnes eraus nimools a Fro gestallt ginn a Jidderengem d’Recht op politescht Engagement an d’Meenungsfräiheet erlaben. Aus Grënn vun der Souveränitéit, muss d’Legislativwahlrecht allerdéngs just dem Lëtzebuerger reservéiert sinn.
  3. D’Staatswiesen muss d’Onofhängegkeet vu politesche Parteien a Vereenegungen, d’Press- an d‘Mediefräiheet, souwéi déi fräi Praxis vu politescher, philosophescher, spiritueller a reliéiser Adhesioun op Basis vun eiser Verfassung an eise Gesetzer garantéieren.
  4. Déi Konservativ sti fir d’Fräiheet, d‘Souveränitéit an d‘Eegestaatlechkeet vu Lëtzebuerg. D’Existenz an d’Selbstbestëmmungsrecht vu Lëtzebuerg, goufe méifach ganz bluddeg an der Geschicht a Fro gestallt. Haut erlieft d’Land ëmmer méi d‘Friemherrschaft an der Verkierperung vun der Europäescher Unioun. D’Partei wënscht sech e staarke Lëtzebuerger Nationalstaat an der EU. Mir stellen d’EU-Memberschaft net a Fro, mä fuerderen eng konsequent Reform fir d’Réaliséierung vun engem Europa vun de Natiounen.
  5. Déi Konservativ gesinn d’Staatsverwaltung als Motor vum Staat. Dësen huet d’Aufgab, am Déngscht vum Bierger ze stoen. Déi Konservativ sti fir e verantwortungsvolle Staat mat authenteschem Kader an entspriechender Organisatioun, wou d’Ëmsetzung vu politeschen Entscheedunge gutt fonctionnéiert, d’Vernetzung vun allen Institutiounen beschtens garantéiert ass a wichteg Kontrollmechanismen an Transparenz matspillen. Mir sti fir d‘Optimiséierung an d‘Ëmorganiséierung vum administrative Charakter am Land, fir datt d’Bierger an hirem Interêt, e méiglechst professionelle Verwaltungsservice hunn, sou notamment an der Gérance vun hire Steiergelder. D’Politik muss hirersäits, eng gesond Finanzpolitik opweisen, déi d’Land net (weider)verschëlt, d’Steierzueler net staatlech ausbeut oder d’nofolgend Generatiounen haftbar mëscht.
  6. Déi Konservativ sti fir de Schutz vum Beamtestatut, dee si viru politescher Béiswëllegkeet schützt, an d’Onofhängegkeet an d’Neutralitéit vun alle Beamten am ëffentlechen Déngscht garantéiert, souwéi d’Lëtzebuerger Nationalitéit als onverhandelbar Konditioun an der Fonction Publique. Gläichermoossen triede mir awer och och géint Korruptioun, Vetternwirtschaft an Ënnwanderung vum System an.
  7. Déi Konservativ sti fir e Staat dee seng Grondaufgabe wouer hëlt. Als Partei wëlle mir keen Obregkeetsstaat no kommunisteschem Virbild, deen d’Leit bevirmond, hir Privatsphär decidéiert oder mat ultimativer Kontroll wierkt. D’Partei steet fir de Prinzip vun der Subsidiaritéit.

b) Lëtzebuerger Identitéit an Immigratioun

  1. Déi Konservativ sti bei allem Respekt fir d’Individualitéit, awer och fir d’Gemeinschaftswiesen. Dofir ass et ons sou wichteg, datt d’Natioun als iewescht Gemeinschaft consideréiert gëtt. Zum Lëtzebuerger Souverän gehéiert, wie Lëtzebuerger ass. Jiddereen muss d’Recht hunn, no enger erfollegräicher Integratioun op d’Demande fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Dës Integratioun muss iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch, kulturell an institutionell Bildung erfollegen.
  2. Déi Konservativ gesinn d’Integratioun als wichtegt Regelwierk un, a plädéiere fir eng gutt an aktiv Integratioun niewent engem Zouwanderungssystem vu Vernonft, Kontroll a mat Limitten. Mir stinn fir en Zouwanderungskontingent deen d’Integratiounsfäegkeet vu Lëtzebuerg respektéiert, an d’Lëtzebuerger als Majoritéitscommunautéit am eegene Land séchert. Mir sti weiderhin fir d’Asylpolitik getrei Genfer Konventioun vun 1951, allerdéngs mat engem restriktive Charakter bei Wirtschaftsflucht a Mëssbrauch vum Asyl. Esou gëtt den Erhalt vun engem korrekten System fir éierlech Refugiéen garantéiert. Och muss d’Drëttwelthëllef nogeduecht ginn, an eng kontrolléiert Entwécklungshëllef gemaach ginn.
  3. Déi Konservativ gesinn d’Aufgab vum Staat och doran, d’historesch an d’kulturell Ierfschaft vu Lëtzebuerg ze conservéieren, ze fleegen an ze fërderen. Heizou gehéiert nieft der Lëtzebuerger Sprooch, och all d’kulturell Ressourcen déi Lëtzebuerg säi Nationalcharakter ginn.
  4. Déi Konservativ definéieren, geméiss eiser Geschicht, Lëtzebuerg op Basis vu griichesch- réimescher Zivilisatioun an den owendlännesche, judäo-chrëschtleche Wäerter. Et ass d‘Aufgab vum Staat, op een éierbaren Ëmgang mat senger historesch Identitéit als Land, wou d’chrëschtlech-kathoulesch Relioun an ons verwuerzelt Monarchie als Staatsform, eng wichteg Roll spillen. Mir trieden allerdéngs, fir eng finanziell Trennung vu Kierch a Staat fir déi fräi Selbstbestëmmung vun eise Bierger an.

c) Souveränitéit an Aussepolitik

  1. Déi Konservativ triede fir een Europa a Fridden a Fräiheet an, a gesinn d‘Idealverwierklechung an engem „Europa vun de Natiounen“. Europa muss elo an enger séierer politescher, a systematescher Reform, nei geduecht ginn. Déi Konservativ leenen een Austrëtt oder d’Bëendege vun der EU-Memberschaft op fräiwëlleger Basis of, an triede fir eng radikal EU-Reform a Neiuerdnung vun der Eurozon an. D’Partei versteet sech als europafrëndlech, mä als EU-kritesch an EU-skeptesch.
  2. Déi Konservativ fuerderen, wichteg national Kompetenzen nees zeréck an d’souverän Heemecht vun de Länner, an domat bei d’Nationalparlamenter. D’Partei steet och fir d’Respektéiere vum „No-Bailout-Prinzip“, deen d’Haftung an d’Matverschëldung vu Lëtzebuerg fir aner Länner ausschléisst an de Subsidiaritéitsprinzip verdeedegt. Fir ons soll d’Europäesch Unioun als international Instanz just zur Léisung vun internationalen an europäesche Problemer op gemeinsamer Basis déngen, an d’Vernetzung tëscht de Länner bei essentielle politesche Sujete gestalten.
  3. Déi Konservativ si fir eng gemeinsam europäesch Verdeedegungspolitik an d’Memberschaft an der NATO mat Ënnerstëtzung fir hir Weiderentwécklung. Hei fuerdert d’Partei awer d’Souveränitéit fir sech an, an d’Entscheedungsfräiheet bei Froen an Decisiounen ëm d’Oprëschtung an d’finanziell, d’materiell oder d’militäresch Bedeelegung an auslännesche Konflikter. D’Partei setzt och d’office, op politesch Diplomatie. Déi Konservativ si géint all net-legitim a vëlkerrechtswiddreg militäresch Operatiounen, respektiv d’Blesséiere vum internationale Vëlkerrecht.
  4. Déi Konservativ trieden, fir international Partnerschaft a Frëndschaft, souwéi fir eng staatsmännesch Diplomatie a honorabel Aussepolitik an. Hei leien eis déi zwee sensibelste politesch Aktualitéiten wat d’Zwoustaateléisung am Israel-Palestina Konflikt an d‘aussepolitesch Relatioun mat Russland ugeet, um Häerz. Mir triede fir eng Vëlkerverstännegung an, déi Friddensprozesser an der Welt ënnerstëtzt. An eisem Interessi, läit och d’Kompetenzerweiderung vum internationale Geriichtshaff zu Den Haag.
  5. Déi Konservativ sinn och fir de Schutz vu Minoritéiten aus aller Welt, woumat d’Partei antrëtt fir d’Rechter vu reliéisen, etheschen a linguistesche Minderheeten. Hei vertrëtt d’Partei d’Approche, datt besonnesch de Kampf géint Antisemitismus zum Schutz vum jiddesche Vollek an d’Existenzrecht vum Staat Israel, eng politesch Flicht am Numm vum Lëtzebuerger Land sinn.

d) Sozialsystem a Sozialstaat

  1. Déi Konservativ triede kompromësslous fir den Erhalt an d‘Ëmsetzung vum Sozialsystem an. De Prinzip vun der Solidaritéit gëllt besonnesch am Interêt vu sozial schwaache Leit, déi mat oder ouni Grond, zum Sozialfall ginn oder vum ekonomesche Wettbewerb oder der berufflecher Konkurrenz iwwerrannt ginn. Gläichzäiteg, muss de Mëssbrauch vum Sozialsystem duerch schwaarz Schof oder duerch d’Awanderung an d’Sozialsystemer konsequent ënnerbonne ginn. D’Partei steet fir e fairen a liewensgerechte Mindestloun, a fir de Chômage an RMG als Solidaritéitsfong. Hei steet d’Partei awer genee sou konsequent och fir eng Sozialschéier, déi d‘Schaffen, d‘Netschaffen an d‘Netwëlleschaffen, kloer regelt. D’Sozialpolitik kann och net ouni d’ekonomesch Situatioun geduecht ginn.
  2. Déi Konservativ setze sech och fir d’Rentegerechtegkeet an d’Erhale vum Pensiounssystem an. Hei steet d’Iwwerliefbarkeet vum Sozialstaat a Fro. Fir de Liewensstandard a sécher Renten muss den Zesummebroch vum Rentesystem, verhënnert ginn. Heifir, muss de Finanzéierungsmodell, deen u Populatiounswuesstem an Immigratioun gekoppelt ass, reorientéiert ginn.
  3. Déi Konservativ si fir e sozialen, solidareschen a leeschtungsgerechte Steiersystem. Mir si fir eng Steierpolitik mat sou mann wéi méiglech Steiererhéijungen an dem Erhalt vun engem gesonde Statusquo. Hei ass den sozio-ekonomeschen Zoustand vu wesentlecher Bedeitung.
  4. Déi Konservativ triede fir d’universell Mënschewierd an d’Charta vun de Mënscherechter an, wat heescht, all Mënsch a senge Rechter an a senger Wierd gläich ass – dat och, virum Gesetz an der Justiz. D’Partei steet fir Chancëgläichheet a Chancëgerechtegkeet fir Jiddereen, mä géint eng ideologesch Gläichmaacherei am Respekt fir d‘Individualitéit. Deemno muss Jidderengem garantéiert sinn, op all Niveau sengem Zil no ze goen.
  5. Déi Konservativ mengen am Interessi vun eiser Solidargemeinschaft, datt eeler Generatiounen, d‘krank an d‘behënnert Matmënschen, op all Hëllef an Ënnerstëtzung vum Staat ziele mussen. Mir si fir eng beschtméiglech Integratioun a géint d’sozial Exklusioun.
  6. Déi Konservativ consideréieren och d’Gesondheet als ëffentlech Missioun. D’Sozialversécherungswiesen, d’medezinesch Professionalitéit, an de Prinzip vun der Virsuerg sinn essentiell. Als ethesch a moralesch Partei, setze mir eis fir de Schutz vum Liewen an, a si prinzipiell géint d‘Euthanasie an den Avortement op illegaler oder legaler Basis. De Staat huet d’Missioun, d’Liewe vu senge Leit ze protegéieren an d’Leit professionell medezinesch z’encadréieren. Dës sensibel Froen sinn awer och eng Vereenbarkeet mam eegene Wëssen a Gewësse vun all Eenzelem, sou datt d’offiziell Parteilinn kee Fraktiounszwang viraussetzt a Gewëssensfräiheet erlaabt. Och muss ee konkret Ausnamefäll, ëmmer respektéiert wëssen.

e) Sécherheet

  1. Déi Konservativ sti fir e Staat deen d’Urkompetenz vun der Sécherheet géint in- an auslännesch Geforen a Konflikter, Verbrieche, Gewalt an Extremismus grouss schreift. Nëmmen esou, kann de Fridden an der Bevëlkerung, d’Stabilitéit an d’Uerdnung garantéiert bleiwen. D‘Rechtssécherheet muss duerch d’Konsequenz an d’Effektivitéit vun der Staatsmuecht gewort ginn, a bleiwen.
  2. Déi Konservativ sti fir eng optimal Sécherheet an Uerdnung duerch gutt organiséierte Staatsschutz mat groussem Merci fir d‘Arméi, d‘Police, d’Justiz d’Rettungsdéngschter, de Geheimdéngscht, d’Douane an d’Pecherten. D’Ausbildung, d’Equipement an d’Zueleméissegkeet mussen dëser Stäerkt entspriechend gerecht ginn.
  3. Déi Konservativ sti fir d’Onofhängegkeet vun der Justiz an der Rechtsspriechung no de Normen a Prinzipie vun engem demokratesche Rechtsstaat. D’Justizorganer mussen heibäi, d’Affer an den Zentrum vun hirem juristesche Fokus stellen. Als liewensbejoend Partei, leene mir d’Doudesstrof am Numm vum Staat of, a sti fir en ziviliséierten, mä strofrechtlech konsequenten Ëmgang mat Kriminellen. Heibäi muss de Strofvollzuch och un d’ Resozialiséierung vun dëse Leit gekoppelt sinn, an d’Ausweisung vu Kriminellen ouni Lëtzebuerger Pass an hir Heemechtslänner geschéien.

f) Famill

  1. Déi Konservativ triede fir d’Famill als Kärzell vun der Gesellschaft an. D’Definitioun vun enger Famill ass an eisen Aen, d’fräi Gestaltung vun enger op Léift opgebauter Liewensgemeinschaft tëscht zwou erwuessene Persounen. D’Partei gesäit souwuel an der traditionell-klassescher Famill vu Mann a Fra als Idealbild, wéi och am avantgardistesche Liewensmodell vun zwou Persounen gläichem Geschlecht, den Interêt vu konservativem Familljeliewen erfëllt. Déi Konservativ ënnerstëtzen d’Léift, d’Familljegrënnung an d’Liewe vu Familljewäerter als eng urkonservativ Eegenschaft.
  2. Déi Konservativ wëllen d’Familljen esou ënnerstëtzen, datt Kannerräichtem geschaaft gëtt. D’Weiderliewe vun der Natioun ass enk gebonnen un de Familljeräichtem an hire Nowuess. Mir si fir eng nohalteg demographesch Entwécklung op Basis vun der Gebuertsrat. D’Wuel vum Kand, steet bei allen Iwwerleeungen, am Mëttelpunkt.
  3. Déi Konservativ sti fir politesch Familljenënnerstëtzung a sti fir de gläichberechtegten a fräie Choix vun der Kannererzéiung doheem, oder der Mathëllef vu staatleche Strukturen. Déi Konservativ sympathiséieren allerdéngs mam klassesche Modell vun der Kannererzéiung doheem, wou mir de „Beruff Mamm“ (alternativ, de Papp) finanziell mat engem „Erzéiungsgeld“ ze belounen ze gedenken.
  4. Déi Konservativ sti fir d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra mat Verweis op déi natierlech Ënnerscheeder tëscht béide Geschlechter. Konsequent si mir also och géint all Form vu Positivdiskriminéierung duerch Quoteregelungen oder géint d’lénkspolitesch Agenda mat arbiträre Geschlechter oder anere Geschlechtsidentitéiten.
  5. Déi Konservativ gesinn och d’Aufgab vum Staat a der Vermëttlung vu Wäerter. Hei muss besonnesch d’Schoulwiesen eng pertinent Roll bei der Bildung spillen. Fir alle Kanner een erfollegräicht Liewen an eiser Gesellschaft z’erméiglechen, muss de Staat si beschtens op hir Zukunft preparéieren. Mir setzen op eng Gemeinschaftsethik zur Stäerkung vun der Solidaritéit mateneen, déi d’Individualitéit vu Jidderengem respektéiert, awer d’Wuel vun der Gesamtgesellschaft considéréiert.

g) Ekonomie

  1. Déi Konservativ gesinn eng produktiv an dréiend d‘Ekonomie als wichtege Wirtschaftsgarant fir Luxus a Liewensqualitéit. D’Partei steet fir eng klassesch liberal an oppen Ekonomie mat sozialer Verantwortung. Eng fräi Maartwirtschaft, gëtt all Mënsch d’Chance op Selbstverwierklechung a Matverantwortung an erlaabt Jidderengem, op en eegene Bäitrag fir d‘ekonomesch Realitéit. Och de Fräihandel muss dobäi ëmmer un de staatlechen a sozialen Interessen orientéiert sinn.
  2. Déi Konservativ wëllen d‘Fërderung fir d’Entstoe vu Kleng- a mëttelstännege Betriber als Liewenswichtegkeet fir d’Ekonomie – de Support fir dës, ass och am Hibléck op d’staatlech Bürokratie an d’Konkurrenz duerch multinational Konzerner wichteg. Och d’Handwierk muss am Kader vun dësem Prozess opgewäert a valoriséiert matfonctionnéieren.
  3. Déi Konservativ sti genee sou och fir d’Recht op Eegentum an Eegekapital – Jiddereen muss d’Recht op materiellen a finanzielle Besëtz hunn. Logescherweis ergëtt sech heiraus, och d’Grondrecht op Aarbecht.
  4. Déi Konservativ stellen d’Fuerschung, d’Entwécklung an d’Innonvatioun als wichteg Prinzipie am ekonomeschem Denke no vir. All Betriber a wëssenschaftlechen Instituter, déi sech um positivem, progressiven Developpement bedeelegen, solle vum Staat honoréiert ginn. D’Fuerschungsfräiheet, soll dobäi d’Grondlag sinn. Déi Konservativ sinn allerdéngs géint d’Genfuerschung an d’Verletze vun der Ethik vum Mënsch.

h) Ëmwelt

  1. Déi Konservativ sti fir eng Nohaltegkeet an der Ëmweltpolitik. Ons läit d’Konservéierung vun enger intakter a gesonder Natur, an hirem Déiereräich an Aartevillfalt, um Häerz. D’Land- an d’Forstwirtschaft souwéi d’Wäertschätzung vu Bauerebetriber, den Erhalt vun de natierleche Ressourcen, den Ausstig aus der Atomenergie an d’Zoumaache vu Cattenom, den Ofbau vu Schuedstoffer, d’Regeneréiere vun der Natur, an d’Entwécklung vun alternativen, erneierbaren Energiequellen sinn d‘Grondgedanken vun enger propperer Ëmweltpolitik. Gläichwäerteg muss de Profit vu Lobbyen um Klimawandel an ideologesche Klimalobbyismus, kritesch a Fro gestallt ginn.

Grondsazprogramm_deikonservativPDF de PDF fir eroofzelueden