GEMENGEWAHLMANIFEST 2017

DÉI KONSERVATIV

Léif Bierger,

Vereent an der Partei déi Konservativ, triede mir als mëndeg Lëtzebuerger, mat Integritéit, mat Iwwerzeegung, mat verankerter Philosophie, a mat vill Léift an eisen Hierzer, an de politeschen Déngscht fir Iech als ons Bierger, a fir ons Heemechtsgemengen!

Mat eisem Wahlkampfmanifest fir d’Gemengewahlen, weise mir Iech, firwat sech d’Partei op kommunalpoliteschem Plang staark mécht. Mir hu kloer Iddien, kloer Ziler a klore Programm fir d’Zukunft am Bléck.

D’Konservativ Partei weist sech als jéngste Partei zu Lëtzebuerg, kämpferesch, houfreg a glécklech!

Als Partei si mir eng evolutionär Chance fir d’Gemeng! A mir sinn de gelongene Revival fir de lëtzebuergesche Konservativismus! Mat eisem reformkorrektive Geescht an eisem politesche Mutt, steet a kämpft d’Partei, fir eng erfollegräich Evolutioun fir d’Gemeng!

Joe Thein

Nationalpresident, déi Konservativ

Péitenger Gemengeconseilljee

déi KOnservativ d'Gemengewahlmanifest Gemengewahlen 2017 Lëtzbuerg

Wunnengsmaart, Gemengegestaltung a Liewensqualitéit

D’Erschwénglechkeet vum Eegenheem...

D’Erschwénglechkeet vum Eegenheem, sozial Loyeren a präiswäert Verhältnisser um Wunnengsmaart, sinn Haptuleiessen am nationale Problem vun der Wunnengsmaartpolitik. Iewescht Zil vu Politik, Staat a Gemengen ass et, en agreabelt Liewensëmfeld ze schafen, wou all sozial Klass d’Chance huet, op en Dach iwwert dem Kapp, op gerecht Verhältnisser an op Liewensqualitéit. Heifir muss de Staat garantéieren, datt d’Eegentumsrecht an de Schutz vun der Propriétéit vu Jiddferengem, geséchert bleift, a fir Jidderee fairen Accès a professionell Rotschléi punkto Hëllefen oder Subsiden vu Staat a Gemengen, Bankgarantien, Acquisitioune vun Terrain’en, steierleche Virdeeler, oder transparenter Informatioun an der Wunnengsmaartpolitik besteet.

d’Schafung vu sozialem Wunnengsbau

Déi Konservativ triede fir d’Schafung vu sozialem Wunnengsbau an der Gemengepolitik an. Dëst Genre Wunnen, ënnert der Gerance vu Gemeng an Office Social, ass eng intressant Optioun an Alternativ fir sozial-schwaach Bierger, oder Bierger a sozialer Nout. Fir datt kee Ghettoiséierungsphänomen an der Gemeng entsteet, wou d’logesch Konsequenze sozial Ausgrenzung a Parallelliewen ass, gëlt et, dës Zort Wunnengsbau an d’Integralitéit vun de Wunnuertschaften an der Gemeng z’integréieren, an domat gläichzäiteg, d’sozial Kohäsioun vun der Awunnerschaft ze stäerken. Och muss d’Virkafsrecht op dëse Sozialwunnéngen existent sinn, wat heescht, datt Jiddfer Locataire, éierwann, Proprietär ka ginn. D’Recetten aus der sozialer Wunnéngsmaartpolitik, gehéieren entspriechend vollwäerteg, an e Gemengesozialfong als Instrument fir weideren Invest an de soziale Wunnengsmaart.

Ënnerstëtzung bei Sich a Kaf vun Eegenheem

Well besonnesch d’Studenten, jonk Koppelen a Singelen, gäre mat eegene Féiss am Liewe stoe wëllen, mä wuel mat de schwieregste Start an d’eegent Liewen hunn, soll de Fokus op hir Ënnerstëtzung bei Sich a Kaf vun Eegenheem konzentréiert ginn, an d’Gemeng, eng Ulafstell fir hir Bierger sinn. Mat SNHBM-Initiativen wéi “habitation à bon marché” mam Modell vum “bail emphytéotique”, oder anerwäerts, d’Acquisitioun per “portage foncier”, soll der Jugend, Optioune gi ginn. Dës Méiglechkeet bitt jonke Leit d’Chance op d’Pachte vun Immobilien op 99 Joer, déi à long terme, duerch Kaf Eegebesëtz kënne ginn, oder anerwäerts, d’anticipéiert Acquisitioun vun engem Terrain viru Bau a Réaliséierung. Et soll weiderhin um klassesche Modell vun den Een- oder Méifamilljenhaiser festgehale ginn, an d’Entstéiung vun zevill Résidencen uëchter d’Gemeng évitéiert ginn.

d’Gemengekontroll iwwert Wuesstemsmodell a Wuesstemspotenz

D’Gemeng setzt, a Kooperatioun mam Staat, de Kader fir d’Wunnen, dee sech a sengem Fong, op d’Bautereglement, de PAG (Plan d’Aménagement Général) an d’PAP’en (Plans d’Aménagement Particuliers) Eng Wichtegkeet spillt heibäi d’Gemengekontroll iwwert Wuesstemsmodell a Wuesstemspotenz, wou d’Gemeng hir Entwécklung a seriéiser Planifikatioun geméis Kapassitéiten, Ressourcen, Moyen’en, a Plaz leet, an och d’Facteure Mortalitéit, Natalitéit, Migratiounssaldo, Environnement an Trafic fir d’Analys consideréiert.

Brems am Populatiounswuesstem

Méi Bebauung, heescht och méi Populatiounswuesstem, an domat och nees méi Liewe fir d’Gemeng. Well de Populatiounswuesstem zu Verännerunge vun Demografie a Bevëlkerungsgeografie féiert, ass eng Brems am Populatiounswuesstem fir d’Gemeng noutwenneg. Déi Konservativ si géint eng Iwwerbevëlkerungspolitik, a leenen all kommunalpolitesche Bäitrag, zum déklaréiertem Zil vum Milliounen-Awunnerstaat of. D’Gemeng huet d’Responsabilitéit fir d’Liewensqualitéit an d’gesond Entwécklung vun der Gemeng, an domat d’Aufgab, fir all kultureller, sozialer an ekologescher Dekadenz entgéint ze wierken.

Gemengepolitik - Image vun der Gemeng

Fir d’Gemengepolitik ass och d’Image vun der Gemeng Den Duerfcharme a Charakter vun eise Gemengen muss erhalen a gewort ginn, fir datt d’Gemengeliewe vu Wäert a Qualitéit bleift. An dësem Kader, muss d’Planifikatioun vun der Gemeng och an der Gesamtheet vun Aal a Nei geschaf a gestalt ginn, sou datt d’Gemeng d’Verantwortung huet, dat alles getrei de selwechte Normen ass an d’Quartiersstruktur an Harmonie gedeit. De Schutz vun historesch exquisite Gebailechkeeten resp. den Denkmalschutz, ass heibäi, politesch Prioritéit. Ma och d’ierdesch Preservatioun, den Erhalt vu Gréngzonen, d’Protectioun vu Flora a Fauna, d’Propretéit vun eise Flëss, d’allgemeng Récksiicht op d’Biodiversitéit, muss alles Deel vun der ekologescher Agenda sinn. Mir sinn allerdéngs géint alles, wat an d’ecologescht Extreemt geet.

Agence Immobilière sociale - ideal Vernetzungsplanifikatioun

En anere wichtege Kritär ass d’ideal Vernetzungsplanifikatioun vun de Stroosse, Quartieren an den Uertschaften, fir datt notamment, d’Baulücken an d’eidel Wunnengen, déi verluerenen Espace an der Gemengelandschaft representéieren, oder fir d’Zerstéckelung vu Quartieren verantwortlech sinn, beschtméiglechst verschwannen. Duerch d’Vermëttlung vu Proprietären am Besëtz vu sou Parzellen, Grondstécker oder eidelen Infrastrukturen un d’Agence Immobilière sociale, soll de Bierger engersäits, an d’Agence anerersäits, kafmännesch Opportunitéite fir sech entdecken.

d’Zesummenaarbecht tëscht Gemeng a Privatpromoteuren

Net just an Eegeregie, mä och d’Zesummenaarbecht tëscht Gemeng a Privatpromoteuren, fir d’Realiséierung vun der Gemengegestaltung ass vun Noutwennegkeet. Hei sollen d’Gemeng awer kloer waachen, datt d’Ëmsetzung vu Projeten am Respekt zu de verhandelte Budgeten an d’Délaien geschitt, an d’Gemeng sech op hir Partner an Accorden verloosse kann. Fir schlecht geleeschten, ëffentlech Aarbechten a Projeten, mussen déi verantwortlech Betrieber, och konsequent am Numm vun der Gemeng zur Rechenschaft gezu ginn.

d’Planungsphilosophie “shared space”

Et soll dofir Rechnung gedroe ginn, datt och d’Planungsphilosophie “shared space gekoppelt un d’douce Mobilitéit gefërdert gëtt. Et muss allerdéngs sécher gestallt ginn, datt d’Gemeng nach rullt, an net allgéigewäerteg 30er Zone ass an zum Staupunkt vum Verkéierswiese gëtt.

d’Realiséierung vu genuch Parkraum

Och ass d’Realiséierung vu genuch Parkraum an der Gemeng, an d’Recht op eng Parkplaz virun der eegener Dier, fir d’Gemeng e kloren Optrag an eng kloer Missioun. Och d’futtis Stroossenetz gëllt et regelméisseg ze kontrolléieren an ze sanéieren.

Lokalisatioun vun Tankstellen

D’Gemeng soll an hirer Gemengepolitik dofir Suerg droen, datt déi planifikativ Lokalisatioun vun Tankstellen ausserhalb vum Duerfkär, an duerch d’Notze vu Baulandreserven a Baulücken entspriechend positiv ëmgesat gëtt.

Older persons prefer quiet rest in city park

Soziale Plang, Nächsteléift a Solidargemeinschaft

Gemengebudget
gesond Waasser
sozial Initiativen
Taxeverständnes
Gemengebudget

De Gemengebudget ass éischt Prioritéit. Déi Konservativ setze sech fir gesond Gemengefinanzen an. Fir dëst Zil, muss déi ganz Gemengepolitik ëm’t de Gemengebudget dréien, an dofir muss um Enn e positive Budget stoen. D’Politik steet an der Verantwortung fir an deene Gemengen, wou d’Gemengeschold an d’Pro-Kapp-Verschëldung héich ass, alles fir eng gesond Finanzlag ze maachen. Eng Gemeng soll hire Budget vun der “Cours des Comptes” iwwerpréiwe loossen. Nëmmen eng Gemeng mat Suen, kann d’Existenz an d’Liewensgrondlag positiv gestalten!

gesond Waasser

Ee genee sou wichtege soziale Prinzip, weist sech am Grondrecht op gesond Waasser. Nieft engem gerechten a sozial-gestaffelte Waasserpräis, fuerdere mir d’Aféierung vun engem eenheetlech-gratis Waassersockel, gekoppelt u Kapp a pro Joer. De Respekt vun de Waasserqualitéitsnormen an de korrekten Traitement fir d’Ofwaasser ass fir d’Gemeng ekologesch Aufgab.

sozial Initiativen

Als Partei triede mir fir sozial Initiativen a Stëftungen an, gären och a Koopératioun mat Hëllefswierker an Asbl’en, déi sech dësem Zil verschreiwen. Mir si fir Sozialbutteken fir d’Liewen um Minimum, fir sozial Vollekskichen, déi Bedierftegen waarm Molzegten offréiert, fir Noutënnerkënft wou gehëtzen Openthalt a Schlofméiglechkeete gewäert ginn, souwéi fir d’Verdeelung vu gesammelte Volleksspenden je no Besoin. Alles an allem, ass d’Resozialiséierung vun dëse Mënschen an d’Gesellschaft ganz wichteg an do ziele mir och, op d’Sozialbüroen.

Taxeverständnes

Déi Konservativ wëssen, datt Taxen eng Haptquell fir d’Gemeng ass. Trotzdem steet d’Partei fir e neit, raisonnabelt Taxeverständnes mat niddregen Taxen, géint Taxenerhéijungen, a géint d’Schafung vun ëmmer nees neien Taxen. Mir si fir e eng sozial Taxepolitik, wou d’éischt Invester an Etuden an iwwerdeiert Projeten déi zu Buch schloen, an d’Aa gefaasst ginn, éier de Portmonni vum Steierzueler geplëmmt gëtt. Mir si fir d’Ofschafung vun der Hondssteier, géint d’Aféierung vun enger Reewaassertaxe, a fir Neiverhandlungen fir méi sozial Poubellestaxen. Mir sinn och prinzipiell géint d’Erhéijung vun der Gewerb (impot commercial)- a Grondsteier (impot foncier), fir datt den Zeitungskiosk, de Bäcker, de Café, an de Kamellebuttek, mä awer och d’Privatleit, eng Chance op eng Liewensgrondlag hunn.

Identitéitspolitik, Patriotismus

a

Lëtzebuerger Kultur

Sécherheet, Kampf

géint Kriminalitéit,

friddlech Gemengen

Policeplang fir d’Gemeng

D’Sécherheet an der Gemeng muss, an alleréischter Linn, duerch e Policeplang fir d’Gemeng garantéiert sinn. Hei ass efficace Kooperéiere vu Gemeng a Police eng wichteg Saach. Déi Konservativ sti fir eng gestäerkte Policepräsenz an der Gemeng, wou d’Gemengen-, an d’ Policereglementer respektéiert ginn. Do donieft, muss d’Gemeng och op Proximitéitskomissariater ziele kënnen, déi 24 op 24 a 7 op 7 fir d’Bierger do sinn.

Roll vum Gemengenagent

Weideren zousätzleche Garant fir d’Sécherheet, ass d’Roll vum Gemengenagent. Si huele aner, awer genee sou wichteg Aufgabe fir d’Sécherheet um lokale Plang an der Gemeng wouer, déi gläichzäiteg eis Police entlaaschten. Déi Konservativ sinn d’accord, fir eng verbessert a re-definéiert Formatioun an Agenda vun de Pecherten (Genre “Uerdnungsamt”), mä géint eng elaboréiert, judicairer Kompetenzerweiderung a Richtung vun enger “zweeter Police”. Mir si fir d’Aféierung vun engem adaptéierten Transportvehikel fir hire Service.

d’Mathëllef vu Streetworkeren

Och d’Mathëllef vu Streetworkeren géint Klengkriminalitéit a sozial Konflikter ass wichteg. D’Streetworkeren, rekrutéiert aus pädagogesche Beruffer, sinn hei net just eng eng professionell geschoulte Kontaktpersoun fir déi Jonk, mä och eng aktiv Jugendhëllef um Terrain fir d’Resozialiséierung oder d’Präventioun.

fräiwëlleg Biergerpatrullen

Och fräiwëlleg Biergerpatrullen, déi geméis enger Formatioun fir hir Aktivitéit e Fräiwëllegegeld verdéngen, kann eng Iddi fir méi Sécherheet sinn. Heibäi limitéiert sech d’Aktivitéit allerdéngs reng op “Patrull”, wat heescht, datt Spadséiergäng duerch d’Wunnquartieren, bei der Gare, bei Schoulen, a bei Evenementer gemaach ginn, fir entspriechend visuell Meldung un d’Police ze maachen.

staark Präsenz vu Kontrolleren

Fir d’Sécherheet am ëffentlechen Transport, sollt och iwwert eng staark Präsenz vu Kontrolleren a Bus an Zuch, souwéi iwwert hir sécherheetspolitesch Aufgab a Schoulung, nogeduecht ginn.

aktiv Grenzkontroll a Grenzschutz

Et soll iwwerdeems och, am Kader vum Schengenofkommes, a gären an Zesummenaarbecht mat der Auslandspolizei, fir Gemengen op Grenzgebitt, fir aktiv Grenzkontroll a Grenzschutz gesuergt ginn.

supplémentäert Sécherheetsmëttel - optimiséiert Beliichtung, Alarmanlagen a Kameraen

Mir sinn d’accord fir supplémentäert Sécherheetsmëttel fir d’Iwwerwaachung vu wichtege Plazen a Gebailechkeeten oder Kriminalitéitsschwéierpunkten a Consideratioun ze zéien, sou z.B eng optimiséiert Beliichtung, Alarmanlagen a Kameraen. Wat d’Kameraen ugeet, allerdéngs am Respekt zum Dateschutz an der Privatsphär vun de Leit, sou datt dëse Moyen just als potentiell Informatiounsressource fir d’Poursuite vu Kriminalitéit déngt, a verwäert sollt ginn, an och keen ultimativen Ersatz fir all aner sécherheetspolitesch Propose sinn. Och d’Pompjeeën an d’Rettungsdéngschter, déi am éierenamtlechen Déngscht vir d’Bierger stinn, mussen an de Gemengen, hir fest Plaz a politesch Ënnerstëtzung hunn.

Demokratie, Transparenz, Fräiheetsverständnes

blue water splash isolated on white background
Basisdemokratie
Informatiounspolitik
Gemengekommissioune
Basisdemokratie

Déi Konservativ setze sech fir méi Basisdemokratie per Gemengereferendum um Gemengeniveau an. Nieft dem Gemengerot an de Gemengekommissiounen, sollen d’Leit méi Matsproocherecht bei wichtege politeschen Entscheedungen hunn, fir d’Matgestaltung vun der Gemeng. Och schrëftlechen oder elektronesche Petitiounen a Protestmanifestatiounen, muss d’Gemengepolitik Intérêt schenken.

Informatiounspolitik

Fir d’Transparenz an d’modern Gestaltung vun der Informatiounspolitik um Bierger, sollen d’Gemengerotssëtzungen nieft engem Gemengenanalyteschen, och a Form vun Audio a Video registréiert an online gestallt ginn. Hei ass d’Iddi vum Livestream op Internet, oder um Fernsehkanal vun der Gemeng eng interessant Méiglechkeet. Alles wat interessant Flyerinformatioun ass, soll och iwwert d’Opriichte vun Informatiounsseilen op Knackpunkten an der Gemeng realiséiert ginn.

Gemengekommissioune

All gewielte Partei, soll an alle legalen a consultative Gemengekommissioune gerecht vertruede Et ass fir d’Gemengendemokratie wichteg, datt all Partei am Gemengerot déi selwecht Informatioun an dat selwecht Matsproocherecht huet.

politescht Akommes
Autonomie
Zwouklassegesellschaft
politescht Akommes

D’politescht Akommes vun de gewielte Politiker duerch d’Gemengefinanzen, souwéi d’Jetonen fir d’Präsenz an delegéierte Gremien, Komissiounen oder dem Gemengerot vun de gewielte Gemengenconseilljeeën, Schäffen a Buergermeeschter mussen oppen an transparent consultéierbar sinn, fir datt politescht Vertrauen garantéiert ass.

Autonomie

Déi Konservativ sti fir d’Autonomie vun de Gemengen vis-à-vis vum Staat. Gläichzäiteg, muss d’Gemeng d’Fräiheete vun de Mënsche woren a respektéieren. Et gëlt de Subsidiaritéitsprinzip.

 

Zwouklassegesellschaft

Well mir géint d’Zwouklassegesellschaft punkto Fëmmgesetz sinn, fuerdere mir datt Gemengeninfrastrukturen duerch d’Erweiderung vun Fëmmespacen equipéiert ginn an d’Zesummeliewen am Respekt vun de Fräiheeten an Decisioune vu Jidderengem garantéiert bleiwen an d’Diskriminéierung vum perséinleche Liewensstil duerch Diktater vum Staat, oder der Gemeng, ausgeschloss ass.

blue water splash isolated on white background

Familljen,

eis Kanner,

Schoulwiesen

d’finanziell Subventioun vun der Kannerbetreiung
Vermëttlung vu Wäerter, Ethik a Moral
Inklusioun vu Kanner mat spezifesch-pädagogeschem Besoin
Prinzip vun der Altersversuergung
d’finanziell Subventioun vun der Kannerbetreiung

Parallel zur honorabeler Erzéiung vun eisen Elteren, ass d’Gemeng obligéiert, de Lien tëscht Elterenhaus a Schoul ze maachen. Dëst geschitt iwwert d’Gemengebetreiung vun de Kanner an de Crèchen, Maisons Relais’en a Précocen. Déi Konservativ sti fir de Choix vun den Eltren wou si hir Kannererzéiung wënschen, an Ophutt vu Staat oder Gemeng, a Privatcrèchen, bei Dagesmammen, oder no preferéiertem Ideal, am klasseschen an traditionelle Modell vum Elterenhaus doheem. Fir Familljen, déi keng Plaz méi an enger Maison Relais oder Crèche fannen, musse d’Gemeng, d’finanziell Subventioun vun der Kannerbetreiung assuréieren. Dëst reit sech als finanziell Stäip, nieft d’Nationalfuerderung no Familljendarlehen an, no där jonk Familljen no der Gebuert vun hire Kanner vun zëns-gënschteg Kreditter beim Bankwiese profitéieren. Och fir avantgardistesch Familljekoppelen mat Kanner, sollen déi selwecht Rechter a Konditioune gëlteg sinn.

Vermëttlung vu Wäerter, Ethik a Moral

Wichteg ass, datt d’Kanner d’Vermëttlung vu Wäerter, Ethik a Moral op hirem Liewenswee léieren. Och hei soll d’Gemeng an d’Schoul, d’Léierpädagogik a Léierstoff, geméis dem Fokus op de positive Mënsch gestalten. Integritéit, Respekt, Solidaritéit, Humanismus an d’Fërderung vun de gudde Charaktereegenschaften, sinn eng wichteg Viraussetzung fir eng gesond Gesellschaft an d’Léisung géint d’Diskriminéierung an all senge Formen.

Inklusioun vu Kanner mat spezifesch-pädagogeschem Besoin

Fir d’Inklusioun vu Kanner mat spezifesch-pädagogeschem Besoin soll d’Gemeng Récksproch mat den Elteren huelen, wéi d’Integratioun vun de Kanner an d’Schoulwiesen oder d’Betreiung vun der Gemeng beschtens organiséiert ka ginn. Hei muss d’Gemeng och op staatlech Hëllef zielen kënnen, fir datt d’Orientéierung an d’Betreiung vun behënnerte Kanner, oder Kanner mat spezifesche Besoinen, beschtens ass. Hei sollen extra Programmer fir Concernéierter, hinnen eng Stäip am Alldag sinn an d’Liewen sou einfach, agreabel a gerecht maachen, wéi méiglech. Heizou zielt och déi konsequent Liewensgestaltung vun der Gemeng a Richtung vu behënnertegerechter Moderniséierung.

Prinzip vun der Altersversuergung

De Prinzip vun der Altersversuergung steet och am Mëttelpunkt vu gemengepoliteschem Wierken. Mir sinn iwwerzeegt, datt d’Virsuerg an d’Ënnerstëtzung vun eisen eelere Generatiounen a kranke Matbierger, muss eng optimal Betreiung verséchert sinn. Besonnesch am medezinesche Beräich muss ee Service an Encadrement gi sinn, dee Professionalitéit an Altersgerechtegkeet refletéiert.

Gestaltung vun der Fräizäitaktivitéit

Fir alles wat d’Gestaltung vun der Fräizäitaktivitéit ugeet, wéi de Sport, d’Musek, d’Konscht ...bref d’Veräinsengagement, sou soll d’Gemeng déi néideg Infrastrukturen a finanziell oder materiell Moyenen zur Verfügung stellen an hir Hand zur Hëllef reechen, fir datt d’Gemeng attraktiv ass, a belieft bleift. Hei sollen déi Jonk iwwert d’Veräiner, d’Jugendhaiser, d’Jugend- a Kannergemengeréit, awer och duerch d’Mathëllef vun de jeeweilege Gemengekommissiounen, Iddien a Proposen an d’Liewe ruffen, déi dem Gemengerot erlaben, iwwert d’Gestaltung vun der Gemeng ze deliberéieren. D’Gemeng hirersäits, soll de Veräiner e Service géigeleeschten, deen hinnen d’Demarchen, d’Verwalten an d’Informatioun punkto Asbl’en (Veräiner ouni Gewënnzweck) garantéiert.

ëffentleche “Bicherschief”

Déi Konservativ trieden och fir d’Schafung vun ëffentleche “Bicherschief” Wéi et se schonns op munche Plaze gëtt, sou sollen dës Bicherschief nom Prinzip fonctionnéieren, datt e Buchaustosch méiglech ass, woumat d’Partei d’Interessi un der Lektür ze fërdere gedenkt.

d’Léift an de Respekt fir eis Déieren

Fir d’Léift an de Respekt fir eis Déieren, mä och fir d’Propretéit fir d’Gemengen, fuerderen déi Konservativ, nieft der Ofschafung vun der Hondstax, d’Aféierung vun enger Déiereschutzkomissioun an d’Installatioun vun Hondstoiletten an Hondswisen. Mir ruffe gären eng déierefrëndlech Gemengepolitik an d’Liewen.

d’Schafung vun engem Veräinslager

D’Veräiner mussen duerch d’Schafung vun engem Veräinslager d’Opportunitéit hunn, de Stockage vun hirem Veräinsmaterial an enger grousser, gemeinsamer Veräinshal vir ze huelen. Dës Infrastruktur soll alle registréierte Veräiner an der Gemeng zur Verfügung stoen an d’Gestioun vum Veräinsliewen erliichteren.