Edmund Burke

Den Edmund Burke, gebuer den 12. Januar 1729 zu Dublin, gestuerwen den 9. Juli 1797 a Beaconsfield, war een iresch-britesche Staatsphilosoph, Politiker a Schrëftsteller. Hie gëllt als geeschtege Papp vum Konservatismus. D’Burkedynastie staamt vum anglonormannesche Ritter „de Burgh“ of.

No sengem Studium vu klassescher Literatur a Geschicht um Trinity Collegue vu 1743 bis 1750, huet hien nach e Studium am Droit ugefaangen, éier et hien 1756 an d’Schrëftstellerei gezunn huet. Schonns 1747 huet hie mat dem „Edmund Burke’s Club“ ee politeschen Debattéierklub an d’Liewe geruff. Am Joer 1757 huet hien d’Jane Mary Nugent bestued, a mam Richard a Christopher (u Kandsdoud gestuerwen) zwee Kanner gebuer. Hien huet och de Bouf vu sengem Cousin, a spéidere Admirol Edmund Nagle grouss gezunn, nodeems hien 1763 Weesekand gouf.

Uschléissend, vu 1765 bis 1766, huet de Burke als Privatsekretär vu sengem gudde Kolleg, Lord Rockingham geschafft. Ab 1765 war hien dunn Deputéierten vun der Whig-Partei am britesche Parlament - dem House of Commons. Hei huet hie sech als net just als riedegewandten an talentéierte Politiker ervirgedoen, mä huet sech och mat senge schrëftstelleresche, politeschen a philosophesche Kampfschrëften, ee Numm gemaach. Säi bekanntste Wierk heescht „Reflections on the Revolution in France“ aus dem Joer 1790, wou hie sech mat der franséischer Revolutioun vun 1789 beschäftegt, a wou hien och éischtmoleg d’konservatiivt Weltbild als politesche Géigepol zum Sozialismus a Liberalismus definéiert.

Zäitliewens, war hie reliéisen Anglikaner a stoung der Church of England no. Hie war iwwerdeems och mat senger eegener Jerusalem Lodge Nr. 44, dem ethesche Bond vun der Fräimaurer verbonnen. Ouni seng Wuerzelen ze verleegnen, huet hie sech och ëmmer gär als „patriotic Englishman“ verstanen. Mat sengem Engagement fir onpopulär politesch Positiounen wéi de Fräihandel mat Irland, d‘kathoulesch Emanzipatioun, d’Stäerkung vum Parlamentarismus an d’Engagement géint ze vill politesche Royalismus, huet de Burke 1780 säi Sëtz kascht. Hien ass am Joer 1797 gestuerwen, an huet mat sengem Numm a sengem Weltbild, der Nowelt een Ierwen hannerlooss, mat bis haut, senger Plaz am politesche Liewen.

De Burke stoung fir e Staat mat Struktur, Hierarchie an Autoritéit, mä och fir och d‘politesch Representativitéit an de Respekt zur Demokratie. Seng Iddie ware geprägt vu Fräiheet vun Oppositioun géint Imperialismus, Extremismus a Revolutiounen. Hie stoung fir de Support fir t’kathoulesch Relioun, fir d’Recht op Eegentum an Individualismus, fir ekonomesche Fräihandel, fir een ethescht, wäertkonservatiivt Mënschebild, souwéi een gesonde Skeptizismus.

 

18379175_10212473212647484_639923159_o