18676610_10212615927615269_1406736815_o

déi konservativ Gemengerot Deklaratioun

Deklaratioun

Här Buergermeeschter, geéierte Gemengerot,

Als Gemengeconseilljee froen ech op dësem Punkt d’Wuert, fir dem Péitenger Gemengerot an der Péitenger Wielerschaft, eng Deklaratioun ze maachen.

De 9. Mäerz 2017 huet meng Memberschaft an der Alternativ Demokratescher Reformpartei (ADR) aus politeschen a perséinleche Differenzen, fir net ze soen, politeschem Parteikrich, offiziell gëendegt.

No mengem zäitweilege Status als onofhängege Conseilljee, ass elo den 21. Mäerz d’Parteigrënnung vun déi Konservativ erfollegt, där ech als Grënnungsmember an Nationalpresident vir stinn, a woumat ech mat effet immédiat d'Missiou hunn, d’Partei op lokalpoliteschem Plang ze vertrieden. Dëst huet och zur Folleg, datt all d’Komissiounsämter nei verdeelt ginn.

Ech wëll Iech matdeelen, datt ech getrei menger politescher Aufgab a Beruffung, déi d‘Wielerschaft vun der Gemeng Péiteng menger Persoun de 9. Oktober 2011 uvertraut huet, mäi Gemengerotsmandat konsequent weiderféieren, an am beschte Wëssen a Gewëssen ëm meng politesch Missioun an am demokratesche Respekt zu mengem geleeschten Eed, mech weiderhin an den Déngscht vun eise Bierger an eiser Gemeng stellen. Ech wäert och weiderhin, mäi Bescht ginn fir d’beschtméiglech Kontinuitéit vu menger jorelaanger politescher Aarbecht, an elo op Basis vu menger neier Partei, a wäert gedenken, souwuel menge fréieren ADR-Wieler, wéi och déi Konservativ an all Anerem, gerecht ze ginn.

Dës Deklaratioun ganz am Sënn vun optimistescher Gewëssheet iwwert d’Treiheet, d’Loyalitéit an d‘Ënnerstëtzung vun all menge Compatrioten.

 

Joe Thein

Gemengeconseilljee

 

PDF déi konservativ gemengerot deklaratioun

NEEN zum PAG!

Här Buergermeeschter, geéierte Gemengerot,

Fir d’éischt e grousse Merci un de Bureau d’Etudes Zeyen + Baumann, fir hir detailléiert Analysen a Presentatiounen iwwert d’allgemeng Liewensqualitéit, den Entwécklungszoustand, den Habit vu Mënsch, Flora a Fauna, an all intressanten Territorialreformen, betreffend eiser Heemechtsgemeng Péiteng.

Op dës technesch Urbanistiketude, muss elo folgerichteg eng politesch-empiresch Bewäertung kommen, well souwuel d’professionell Etuden, wéi och d’politesch Decisiounen zur Äntwert op d’Fro ginn, quo vadis Gemeng Péiteng? Mä ass dëse neie Plan d’Aménagement, dat richtegt Konzept? Ass dat hei, e nohaltege Plang an eng gesond Strategie fir eng Gemeng an Zukunft, an eng Gemeng mat Zukunft?

Ech soen Iech, haut gëtt wuel eng Katastroph Realitéit.

Dir wësst, datt ech der Erkenntnes trei bleiwen, datt d’Gemeng Péiteng mat hirer Wuesstemspotenz sou lues um Enn ass, d’Liewensqualitéit ëmmer méi kapott geet, an déi organesch a sozial Liewensgrondlag bei der Däiwel geet. Dat Experiment wat dir hei mat der Gemeng Péiteng maacht, ass keng gesond Basis vu Gemengeliewen a scho guer kee politeschen Intellekt vu Generationalitéit. Et ass eng Hypothéik op d’Land.

Dir wësst genee, datt weder d‘Ressourcen, nach d‘Kapassitéiten, weder d‘Plaz, nach d‘Moyen’en do sinn, fir datt d’Gemeng Péiteng getrei de Pronosticken vum PAG fonctionnéiere kann; dir ignoréiert oder verkennt d’bannescht Facteuren vu Natalitéit, Mortalitéit, Migratiounssaldo an d’baussecht Ëmweltfacteuren. Mat Ärer Politik erstéckt d’Gemeng Péiteng un Trafic, Bebauung, a Populatiounswuesstem. Dir fërdert bewosst oder onbewosst d’Dekadenz vun all sozialem ekologeschem an ethnokulturellem Liewen an dir stellt d’Gemeng op d’Kopp mat där realitéitsfriemer Approche vun Demografie a Bevëlkerungsgeografie.

De PAG gesäit e Populatiounswuesstemszil vun 20.500 Awunner bis 2025 vir, mat enger „mir packen dat“-Previsioun vu 25.000 Awunner, an enger Wuesstemstendenz vu minimum 2% all Joer. Äert erkläertent Parteizil ass eng national Iwwerbevëlkerungspolitik wou e Milliounenawunnerstaat geschaaf soll ginn, an äre gemengepolitesche Beitrag fir dësen extreme Populatiounswuesstem mat all senge Konsequenzen op d‘Gemengeliewen an d‘Liewensqualitéit ass géint d’Gesamtinteressi vu Péiteng.

E lescht Wuert, „d‘trame verte“, et geet ëm d’ekologesch Planifikatioun, ëm d‘Biodiversitéit, ëm ierdesch Preservatioun. Éierlech, eng gutt Noriicht! An uff, ee Gléck, se denken nach net u „gréngen Tram“, fir hei an d‘Gemeng Péiteng!

 

Joe Thein

Gemengeconseilljee

 

PDF déi Konservativ Nee zum PAG 2017