Kongressried

Léif Frënn,

Ech begréissen Iech ganz häerzlech am Numm vun déi Konservativ, haut de Nowend, hei a menger Heemechtsgemeng Péiteng, fir genee ze sinn, an engem vun de flottste Lëtzebuerger Caféen aus der Gemeng, dem „Café Comeback“ zu Rodange! Ee Numm, deen iwwregens besser net passe kéinnt, fir de Kongress vun der Partei anzelauden. Fir d’éischt e grousse Merci un d’Haus, datt d‘Partei, d’Méiglechkeet huet, hei hiren Optakt ze maachen. Mir wëllen d’Gebuertsstonn vun de Konservativen, den 21. Mäerz 2017, elo haut mat eisem éischten, aussergewéinleche Nationalkongress den 10. Abrëll offizialiséieren.

Fir Iech meng Persoun kuerz vir ze stellen: Mäi Numm ass Joe Thein, Péitenger Gemengeconseilljee, Haptgrënnungsmember an aktuelle Nationalpresident, souwéi fréieren ADR-Politiker. Mäi politescht Liewen a mäi Werdegang, léisst sech deemno wéi folgend liesen,

–     néng Joer Parteipolitik, sechs Joer Gemengerot an eng ganz Rei vu politesche Parteiämter wéi d’Jugendpresidentschaft, d’Südbezierksvizepresidentschaft, d’Vizepresidentschaft vun den Europäesche jonke Konservativen (EYC) an d’delegéiert Memberschaft am Exekutiv- a Nationalkomitee.

–     D’Gemengewahle vun 2011, wou ech als eenzege Kandidat mat Direktwiel an de Péitenger Gemengerot gewielt gouf

–     D’Chamberwahlen vun 2013, wou ech als véiert-beschte Kandidat am Süden resultéiert hunn

E klenge Flashback wat d’ADR ugeet. Bis zulescht an dat Gutt bei der ADR gegleeft, sinn ech enges Bessere beléiert ginn. Et sollt de 9. Mäerz 2017 sinn, wou mäin Ausschloss um Enn vun engem interne Muecht-a Richtungskampf stoung. D’ADR huet e Like op Facebook, fir d’Ausschalte vu menger Persoun an d’Zerschloe vun enger wichteger Partei-Struktur an ADR-Héichbuerg ëm’t mech als hire Gemengeconseilljee zu Péiteng genotzt. An der Zaldotesprooch géing ee soen, “Kamerodeschwéngerei”.

Dee vu mir “gelikte” Commentaire “den do misst och emol decapotabel duerch Dallas gefouert ginn” war sécherlech, eng oncleverer an domm Aktioun. Ech hu mech och dofir, entschëllegt. Mä domat huet et sech och. Peinlech e Land, wou sou eng Topegkeet, deeglaang d’Socialnetworks, d’Medien an d’Press hysteriséiert a skandaliséiert Staatsaffär ass. Just de Parquet stoung fir Recht a Gerechtegkeet. E mënschlechen Denkfeeler ass nach laang kee Verbriechen, an och e Politiker, ass just e Mënsch. An ech huele keng Responsabilitéit fir eppes, wat ech ni geschriwwen, an anescht geduecht hunn. Ech si selwer guddem Häerzens a Gewëssens, nimools eng extremistesch Schlussfolgerung gemaach ze hunn.

 

Ech hunn et verstane, vergläichsweis wéi, “dee muss een op de Mond schéissen”,dee kritt mol d’Welt gewisen”, “dee muss mol d’Levitte gelies kréien” oder “schéckt deen dach an d’Wüst”). Soll de Volleksmond elo politesch korrekt ginn?

Ech stinn a schwätzen haut hei virun Iech als Gemengeconseilljee, mat Ongewëssheet, iwwert déi eege politesch Zukunft. Ma trotz all dem, ass mäin Entschloss fest fir mengem politeschem Engagement wéi ee a jee, trei ze bleiwen. Haut sinn ech iwwerzeegt, ouni Wéimutt d’Liewenskapitel ADR zou ze maachen, a mat Iech, léif Frënn, e neit politescht Kapitel opmaachen ze gedenken.

Et geet nämlech an éischter Linn net ëm meng Persoun, ewéi vill méi, mä ëm d’Engagement fir d’Interesse vun All deenen, deenen onst Land wichteg ass. Anescht ewéi déi Partei, vun där ech hierkommen, déi kee Mutt hat Fändel ze weisen, a sech léiwer weider um populistesche Bord beweegt, sinn ech zudéifst frou, datt déi Konservativ an d’Liewe geruff gouf, eng jonk Partei, mat enger klorer Parteiphilosophie a politescher Linn.

Zur Grënnungsgeschicht zielt nämlech och d’Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch, an d’sozial Situatioun vun eisem Land. E Land, wat sech nämlech selwer net an Éieren hält, verspillt seng ganz Liewensgrondlag. An et soll dofir eis gemeinsam Aufgab sinn, d’politesch Alternativ am Aalparteiesystem ze sinn. Déi Konservativ, versti sech als konservativ, patriotesch a biergerlech. Loosst ons déi Konservativ als politesch Chance gesinn.

Den Antoine de Saint Exupéry sot, an ech zitéieren hien elo op Lëtzebuergesch,

Et kann ee net an d’Zukunt kucken, mä et kann een d’Grondsteng fir eppes Zukünfteges leeën, well d’Zukunft kann ee bauen.”

Komme mir also elo zur Virstellung vun der Partei, ugefaange mat Erklärungen zu de Parteistatuten an der Presentatioun vun eisem Grondsazprogramm, an der Äntwert op d’Fro, wat heescht konservativ? […].

Joe Thein

Gemengconseilljee