Numéro RCS: F11249

déi Konservativ

“DÉI KONSERVATIV“

Association sans but lucratif
3, op de Gehren, L-4888 Lamadelaine

Virwuert

Mat Suerg ëm d’politesch, d’ekonomesch an d’sozial Entwécklung vun eisem Land, a baséirend op de Grondsätz vu Verfassung, Rechtsstaat a konstitutionell-parlamentarescher Monarchie, huet sech am Interessi fir eist Land an eis Bierger, d’Partei „Déi Konservativ” gegrënnt.

KAPITEL 1 Haaptinfoen

Artikel 1

D’Vereenegung „Déi Konservativ“ ass eng lëtzebuergesch politesch Partei, op konservativer a patriotescher Grondlag. D’Partei datéiert hir Grënnung op den 21. Mäerz 2017 zu Lamadelaine.

Hire franséische Numm ass « Les Conservateurs » – hiren däitsche Numm „Die Konservativen” – hiren englesche Numm “The Conservatives”.

Artikel 2

D’Grënnungsurkund an d’Néierschrëft vun hire Grënnungsmemberen, sinn nieft de Statuten, d’Fundament vun der Partei. Souwuel de Grennungsacte, wéi och d’Parteistatuten, sinn ëffentlech zougänglech.

Artikel 3

D’Partei huet kee Parteikierzel, a gëtt offiziell mam ganze Numm genannt. Den hellbloe „K“ vun „Déi Konservativ“ ass allerdéngs gëltegt Parteisymbol.

De Copyright vum Logo läit bei der Partei „Déi Konservativ“ an duerf just am Intérêt vun der Partei, oder fir ëffentlech Berichterstattung vu Medien a Press fräi benotzt ginn.

D’Parteifaarwe vum Logo si schwaarz an hellblo, d’Schrëftvariant ass „Andalus“ an de „K“ gëtt an der Schrëftweis „Edwardian Script ITC“ redigéiert. De Standartlogo huet d‘Gréisst 54 an de Buschtaf „K“ 72.

Artikel 4

D’Leetiddien, d’Prinzipien, an déi politesch Ziler sinn am Grondsazprogramm, souwéi am Wahlprogramm festgehalen. Dës kënnen op Initiativ vum Nationalkomitee um jäerleche Nationalkongress jidder Zäit adaptéiert, erweidert a geännert ginn. D’Partei verfollegt den Interessi, fir um demokrateschen a politesche Liewen deel ze huelen, bei der politescher Wëssensbildung mat ze maachen, an hir politesch an alternativ Iddien ze promouvéieren.

Artikel 5

De Parteisëtz ass op folgender Adress; 3, op de Gehren
L-4888 Lamadelaine
Lëtzebuerg

Dëse kann zu jidder Zäit op eng aner Plaz verluecht ginn, wann d’Partei dës Decisioun hëlt. D’Partei ass no enger Hierarchie a Struktur gegliddert an an dëser, onverännerbar. D’Hierarchie gesäit, wéi an de Statuten definéiert, eng Parteispëtzt an e Komitee vir, an d’Struktur ass nom Prinzip Exekutiv- Nationalkomitee-Bezierker-Sektiounen organiséiert.

Artikel 6

„Déi Konservativ“ hu keng identesch oder vergläichbar Schwësterpartei am In- an Ausland.D’Partei ka sech allerdéngs europäeschen oder internationalen Organisatiounen uschléissen oder Partnerschaften agoen. Dës Decisioun läit beim Nationalkomitee.

KAPITEL 2 Memberschaft

Artikel 7

Eng Memberschaft kann duerch e schrëftlech Schreiwes, de Memberformulaire oder iwwert E-Mail mat der éierlecher a korrekter Indikatioun vun allen Donnéeën (déi vun der Partei vertraulech behandelt ginn) ugefrot ginn. No Iwwerpréifung vum Nationalkomitee kritt den Interessent e Begréissungsschreiwes mat senger personaliséierter Memberskaart zougestallt, woumat seng Memberschaft offiziell ass. All neien Interessent, duerchleeft en allgemengen „Check“ viru senger accordéierter Parteimemberschaft, a kann ggf. seng Memberschaft fir an d’Partei, mat oder ouni Grond, refuséiert kréien. Et läit an der Responsabilitéit vum Nationalkomitee fir iwwert d’Ophuele vun neie Memberen an d’Partei oder a Gremien, no entspriechendem Iwwerpréiwen, z’entscheeden.

Artikel 8

All Member ass verflicht, d’Statuten, de Grondsazprogramm an de Wahlprogramm ze respektéieren a säi jäerleche Memberscotisatioun ze bezuelen. E neie Parteimember ass no dräi Méint Memberschaft fir Poste wielbar, et sief et handelt sech ëm d’Neigrënnung oder d’Réorganisatioun vun enger Parteisektioun oder engem Parteibezierk wou dës Regel sech aus organisatoresche Grënn, net applizéiert.

Artikel 9

D’Memberschaft geet verluer duerch eng schrëftlech Kënnegung (Austrëtt aus der Partei), e positiivt Ausschlossverfahren, d’Netbezuele vum Membersbäitrag oder duerch den Iwwertrëtt an eng aner politesch Partei oder Vereenegung.

Artikel 10

D’Parteistatuten gesinn Disziplinarprozeduere vir. Dës Disziplinargewalt läit beim Nationalkomitee an eng entspriechend Prozedur gëtt aktiv, bei Verstéiss géint d’Uerdnung, den Image, an d‘Interesse vun der Partei. Eng Demande fir eng Disziplinarprozedur ka schëftlech a mat Noweis vun alle vertruedene Memberen aus dem Nationalkomitee ugefrot ginn a gëtt mat einfacher Stëmmemajoritéit akzeptéiert oder refuséiert.

En Disziplinarverfahre baséiert ëmmer op dem Recht vum concernéierte Member, op eege Verdeedegung, als mëndlech oder schrëftlech Stellungnahm beim Nationalkomitee. De concernéierte Member muss och fir eng entspriechend Disziplinarprozedur, convoquéiert ginn an hei mat de Parteistatuten an der Prozedur op e Neits, vertraut gemaach ginn. D’Disziplinarprozedur muss als Punkt um Ordre du Jour vun der Réunioun stoen an all disziplinär Décisiounen gi vum Nationalkomitee mat majoritärem Vote geholl. Dës Decisioune kënnen temporär oder suspensiv sinn.

Artikel 11

D’Disziplinarprozedur gesäit verschidde konkret Moossname fir, fir dem concernéierte Member, d’Parteiuerdnung ze manifestéieren. Éier et zu enger Disziplinarprozedur fir e Parteiausschloss kënnt, kann de Nationalkomitee, eng vun dëse folgende Moossnamen decidéieren an applizéieren;

  • –  Keng Moossnam
  • –  Arbiträr mëndlech oder schrëftlech Verwarnungen
  • –  Entzuch vu Parteiämter oder Ausschloss aus engem/méi Parteivir – stand/stänn
  • –  Temporären Entzuch vun der Parteimemberschaft oder Verbuet fir d’Mentionnéierung
  • –  Verbuet op de Wahllëschten ze kandidéieren
  • –  Verbuet fir Stellungnahmen representativ am Numm vun der Partei ze tätegen
  • –  Entzug vu Kontoberechtegung
  • –  SchuedensersatzAls leschten a schäerfste Moossnam, steet de Parteiausschloss;
  • – Parteiausschloss bei schwéiere Verstéiss géint d’Parteistatuten, d’Parteiprinzipien, de Wahlprogramm oder d’Interesse vun „Déi Konservativ“.
    Nieft dem Sanktionéiere vun eenzele Member, kann och d’Opléisung vun enger ganzer Sektioun an hirem Virstand decidéiert ginn, wann dës d’Parteistatute blesséiert.

    Artikel 12

    Als prinzipiell Grënn fir esou eng Disziplinarprozedur gesäit d’Partei,

    • –  D’Memberschaft an extremistesche Vereenegungen oder extremisteschen Aussoen
    • –  Extremistesch Aktivitéiten op de soziale Medien
    • –  Politesch Aktivitéiten zu Ongonschten oder géint d’Partei „Déi Konservativ“
    • –  Verstéiss géint d’Parteiuerdnung an d‘intern Disziplin resp. parteischiedegend Attituden
    • –  Déifstal vu Parteieegentum/Parteikapital oder Verontreiung vun de Parteisuen resp. finanzielloder matierell zougefügte Schued fir d’Partei
    • –  Verëffentlechung vu Parteiinterna
    • –  Absichtlech Verstéiss géint d’Parteiprinzipien, d’Parteistatuten, d’Parteinteressen oder deWahlprogramm
    • –  Imageschued fir d‘Partei an der Ëffentlechkeet
    • –  Aner GrënnArtikel 13

      Ausgetrueden oder ausgeschlosse Memberen hu keen Urecht op materiellen oder finanzielle Besëtz vun der Partei. Si sinn obligéiert – am Fall vun engem gewielte Mandat – dësen un d’Partei zeréck ze ginn, insofern si dësen iwwert eng Kandidatur op enger vun de Wahllëschten vun „Déi Konservativ“ kritt hunn.

      KAPITEL 3 Parteisektiounen a Bezierker

      Artikel 14

      Et steet alle Membere fräi, eng Parteisektioun ze grënnen. Dës muss allerdéngs iwwert e schrëftlech Schreiwes un de Nationalkomitee geschéien, an e majoritäre Vote entscheet iwwert den Accord heizou. D’Aufgab vun enger Parteisektioun ass d’Partei un der Basis ze organiséieren, politesch Aktivitéiten a Versammlungen of ze halen, un der Lokalpolitik deel ze huelen, bei Gemengewahlen ze participéieren, nei Memberen ze gewannen, an d’Iddie vun der Partei bekannt ze maachen.

      Artikel 15

      All Sektioun ass verflicht, hier jäerlech Generalversammlung mat fixem Ordre du Jour ofzehalen. All d’Membere vun enger Sektioun sinn invitéiert a stëmmberechtegt.

    Artikel 16

    D’Generalversammlung huet folgend Aufgab,

    • –  Si zitt Bilanz vum politesche Joer
    • –  Si presentéiert a gëtt d’Decharge vun der gefouerter Comptabilitéit
    • –  Si wielt de Sektiounsvirstand an d‘Keeserevisoren
    • –  Si leet de kommunalpolitesche Programm fest
    • –  Si ka Virschléi, Fuerderungen, Ideeën un dat nationaalt Gremium vun der Partei weiderginn
    • –  Si wielt a nennt hir Delegéierter fir de Bezierk

    All Entscheedungen déi d’Generalversammlung oder d’Sektioun hëlt, gi per Vote decidéiert a resultéieren op einfacher Stëmmemajoritéit. Bei Stëmmegläichheet, entscheet d’Stëmm vum President.

    Art 17

    D’Invitatioune fir regulär Versammlungen musse mindestens siwen Deeg am Viraus un d’Membere verschéckt ginn, den Termäin fir d’Generalversammlung läit bei zéng Deeg.

    Art 18

    D’Sektioun ass obligéiert, innerhalb vun engem Mount eng aussergewéinlech Versammlung mat geneeër Dagesuerdnung an ze ruffen, wann d’Halschent vun de Komiteesmemberen dat wënscht.

    Art 19

    De Sektiounsvirstand gëtt all Joers neigewielt a besteet aus mind. 3 Memberen (President, Generalsekretär a Keessjee). Memberen, déi am Laf vum Joer opgeholl ginn, gëllen als an de Komitee co-optéiert, allerdéngs just mat enger berodender Stëmm.

    Art 20

    D’Posten an déi jeeweileg Kandidaturen ginn all Kéiers op der Generalversammlung gewielt. All Member, deen zënter dräi Méint aktiv ass, ass berechtegt op eng Kandidatur. Zur Wiel stinn de President, een oder méi Vizepresidenten, de Sekretär, de Keessjee an d’bäigeuerdnet Komiteesmemberen.

    All Parteisektioun huet d’Recht, hir Delegéiert (max. 3) an hiren entspriechende Bezierk ze wielen an ze nennen. D’Sektiounspresidenten souwéi d’Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang sinn d’office Member vum Bezierk a vum Nationalkomitee.

    Art 21

    Eng Versammlung muss mindestenseemol am Mount stattfannen. Feelt e Komiteesmember dräimool onentschëllegt, gëtt dëse convoquéiert. Ass de Member eng weider Kéier onentschëllegt, gëlt de Member als net méi aktiv, a gëtt als ausgetruede consideréiert. De President leed all Versammlung, kann dës Charge awer och un de Vizepresident ofginn. De Vizepresident agéiert legitiméiert stellvertriedend am Fall vun der Absence vum President.

    Art 22

    De Rapport vun all Versammlung ass d’Charge vum Sektiounssekretär, a gëtt mat der Invitatioun vun der nächster Versammlung innerhalb vu siwen Deeg, un d‘Membere mat verschéckt. De Keessjee huet d’Aufgab, d’Keessebuch ze féieren.

    Art 23

    D’Sektioun steet ënnert der Responsabilitéit vun hirem jeeweilege Komitee. D’Ënnerschrëften vum Sektiounspresident, Sektiounskeessjee a vum Sektiounssekretär mussen ob alle wichtege Pabeieren a Beschlëss drop sinn. D’Sektioun däerf keng eege Kreditter ophuelen, déi net vum nationale Gremium, dem Nationalkomitee accordéiert goufen oder déi eege Keesselimit vun der Sektioun defizitär maachen.

    Art 24

    D’Sektioune kënne sech eens ginn, fir sech als gemeinsam Fusiounssektioun ze regroupéieren. Heifir brauch et e schrëftlech Schreiwes un de Nationalkomitee mat den Ënnerschrëfte vun de jeeweilege Sektiounen, wou d’Relevanz vum Nationalkomitee analyséiert a ggf. uschléissend accordéiert gëtt.

    Art 25

    All d’Sektiounen si jeeweils hirem Bezierk ënnerstallt. D’Partei gliddert sech an d’Bezierker Süden, Norden, Zentrum an Osten.

    D’Bezierker hunn d’Aufgab, d’Zësummenaarbecht an d’Kommunikatioun vun de Sektiounen ze koordinéieren, an d’Sektiounen un e gemeinsamen Dësch ze bréngen en vue vum politeschen Austausch. Weiderhin schaffen si am gemeinsame politeschen Interessi fir hire Bezierk.

    D’Bezierker hunn d’Recht hir Délégéiert (max. 3) an de Nationalkomitee ze wielen an ze nennen. D’Bezierkspresidenten souwéi d’Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang sinn d’office Member vum Nationalkomitee souwéi der Exekutiv.

    Fir de Bezierk gëllen déi selwecht Spillregelen a Critèren, ewéi fir eng Parteisektioun an hire Fonctionnement. (Verweis op Kapitel 3)

    KAPITEL 4
    Aner Parteiglidderungen

    Op Beschloss vum Nationalkomitee, kann d’Partei aner Parteiglidderunge grënnen: intern Aarbechtsgemeinschaften, eng Jugendsektioun, eng Fraesektioun an ähnlech Parteiglidderungen. D’Jugendsektioun vun „Déi Konservativ“ dréit den Numm „Jonk Konservativ“.

    Dës Parteiglidderunge si gebonnen un d’Partei „Déi Konservativ“, a mussen an hirem politeschem Wierken, d’Statuten, de Grondsazprogramm an de Wahlprogramm respektéieren a sinn an hirem Fonctionnement an hirem Charakter enger Sektioun identesch.

    Si si berechtegt, politesch Stellungnahmen ze publizéieren, als berodend Organ vum Nationalkomitee ze wierken, oder intern Propositiounen ze maachen.

    Art 27

    D’Jugendorganisatioun „Jonk Konservativ“ däerf Memberen am Alter vu mind. 16 Joer, a vu max. 30 Joer ophuelen. D’Memberschaft an der Jugend setzt eng Memberschaft an der Mammepartei viraus. All Member tëscht 16 an 30 Joer, ass d’office och Member, vun der Jugendorganisatioun.

    KAPITEL 5 Nationalkomitee a Nationalkongress

    Art 28

    All d’Memberen hunn eng Memberskaart déi 15 € kascht. Dës Kaart kann zu all Abléck op engem Event als Préifstéck gefrot ginn, notamment fir d’Vérificatioun fir d’Wahlrecht.

    Art 29

    De Nationalkongress fënnt all Joers statt. Genee Detailer leet de Nationalkomitee fest. D’Invitatioun fir de Nationalkongress gëtt vum Generalsekretär geschriwwen, an an Ofsprooch vun der Dagesuerdnung mam Nationalkomitee, decidéiert. De Member muss dës Invitatioun zéng Deeg am viraus a senger Bréifkëscht hunn.

    Art 30

    D’Aufgab vum Nationalkongress sinn,

    • –  D’Guttheesche vum Aktivitéits- a Finanzbericht vum Legislaturjoer an d’Entlaaschtung vum Komitee
    • –  D’Wiel vum Nationalpresident, dem Vizepresident, dem Generalsekretär souwéi dem Generalkeessjee
    • –  Décisioune bezüglech Statuten, Grondsazprogramm, Wahlpropgramm, Strategie oder Projeten
    • –  D’Festleeung vun de CotisatiounenDe Kongress entscheet mam Vote vun all de presente Memberen, Stëmmenenthalunge gi net gezielt. Zu all Moment kann op Wonsch vun der Halschent vum Nationalkomitee, en aussergewéinleche Nationalkongress aberuff ginn.

      Art 31

      De Nationalkomitee setzt sech d’office aus zësummen aus;

    – der Parteispëtzt

    Nationalpresident, Vizepresident/en, Generalsekretär, Generalkeesjee
    – de Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang

    Députéiert, Buergermeeschter, Schäffen, Gemengeconseilljeeën, Délégéierten

    • –  de gewielte Bezierksdélégéierte fir de Nationalkomitee
    • –  de BezierkspresidentenAll d‘Membere vum Nationalkomitee musse Membere vun der Partei sinn, an e.a aktiv an enger Sektioun oder engem Bezierk matwierken.

      Art 32

      D’Kandidaturen fir d’Memberschaft oder d’Posten am Nationalkomitee, si schrëftlech un de Nationalkomitee eran ze reechen. Heifir ass en Délai vun mindestens siwen Deeg virum Nationalkongress virgesinn. Jidder gewielten Delegéierten am Bezierk huet d’Recht op eng Kandidatur am Nationalkomitee, déi um Nationalkongress zur Ofstëmmung kommen.

      D’Parteispëtzt gelt um Nationalkongress fir dräi Joer gewielt. All aner Poste, si fir ee Joer gewielt.

      D’Membere vum Kongressbüro gi vum Nationalkomitee am Gespréich mat Sektioun a Bezierk decidéiert. Déi gewielte Membere vum Kongressbüro wielen ënnert sech, hire Kongresspresident.

    Art 33

    Fir beschlussfäeg op de Versammlungen ze sinn, muss e Quorum (1⁄2 Präsenz) areecht sinn. Ass dat net de Fall, gëtt d’Versammlung op en aner Datum reportéiert, deen eng Period vun zéng Deeg net iwwerschreiden däerf.

    Art 34

    All Rapport vum Nationalkomitee gëtt vum Generalsekretär verfaasst a mat eegener Nummer a mamjeeweilegen Datum no System archivéiert.

    Art 35

    D’Beschlëss vum Nationalkomitee gi per Vote geholl. Heibäi entscheed de Vote vun der Majoritéit. Bei Stëmmegläichheet, zielt dem President seng Stëmm duebel.

    KAPITEL 6 Exekutiv

    Art 36

    D’Exekutiv féiert d’Decisioune vum ieweschte Parteiorgan, dem legislative Nationalkomitee, aus.

    D’Exekutiv setzt sech d’office aus der Parteispëtzt, de Bezierkspresidenten an de Mandatären op lokalem, nationalem oder internationalem Plang zesummen. D’Exekutivsëtzung fënnt mind. eemol am Mount statt. D’Exekutiv ass tagungsberechtegt, wa mind e Quorum (1⁄2 Präsenz) areechtass.

    Art 37

    D’Aufgab vunder Exekutiv ass,

    • –  d’Ausféierung vun den Decisioune vum Nationalkomitee,
    • –  d’Koordinatioun vun alle Parteiglidderungen,
    • –  d’Ëmsetzung vupolitesche Strategien a Projeten
    • –  d‘Organisatioun an d’lafend Geschäfter vun der Partei ze verwalten

    Art 38

    KAPITEL 7 Finanzéierung

    D’Parteifinanzéierung geschitt opgrond vun,

    • –  d’Memberscotisatioune (15 €)
    • –  Solidaritéitsbäitreeg oder Spenden
    • –  25% vum Gehalt vun gewielte Mandatären
    • –  Ëffentlech Finanzéierunge vum Staat / Parteiefinanzéierung
    • –  Sonsteg EinnamenKAPITEL 8 Wahlen

      Art 39

      Jiddereen dee Member vun „déi Konservativ” ass a mindestens dräi Méint Parteimemberschaft noweise kann, huet d’Recht op eng Kandidatur fir d’Wahlen. Heifir muss e schrëftlech Schreiwesagereechtginn. De Nationalkomitee decidéiert per Vote, wéi eng Memberen fir d’Wahlen op d’Lëscht accordéiert ginn. Dës Membere ginn via Schreiwes oder op entspriechende Versammlungen doriwwer informéiert. All d’Parteiglidderunge kënnen och potentielle Kandidate proposéieren a sinn domat beoptraagt, de Nationalkomitee beim Opsetze vun de Wahllëschten z’ënnerstëtzen. Potentiell Kandidaten kënnen sech awer och selwer, proposéieren. Virrang hu selbstverständlech déi Memberen, déi sech duerch laang oder aktiv Memberschaft auszeechnen oder partei- intern/extern Poste bekleeden.

      Art 40

      Gëtt d’Kandidatelëscht per Vote vum Nationalkomitee refuséiert, ass et d’Aufgab vum Nationalkomitee, eng nei Lëscht ze proposéieren an ze wielen. Als gewielt gëllen Déijéineg, déi am meeschte Stëmmen erhalen. D’Lëscht gëtt per alphabetescher Reiefolleg opgesat, de Spëtzekandidat ass Lëschteplaz 1. E Kandidat kann zu all Moment vun der Lëscht nees erofgeholl ginn, wann dësen net(méi) de Statuten entsprécht oder am Fall, wou eng Disziplinarprozedur géint dëse leeft.

      Art 41

      De Wahlprogramm an d’Wahllëschte fir d’Gemengen-, d’Chamber- an d’Europawahlen ënnerleien och der Kompetenz a Responsabilitéit vum Nationalkomitee an Zësummenaarbecht mat de Bezierker a Sektiounen. Jiddfer Parteimember ass berechtegt, Iddien, Proposen a Virschléi un de Nationalgremium ze maachen.

    KAPITEL 9 Statutenännerung

    Statutenännerunge ginn um Nationalkongress vir geholl. Hei trefft e majoritäre Vote, eng entspriechend Entscheedung. Jidderee kann dem Nationalkomitee Virschléi fir eng Statutenännerung proposéieren, déi de Nationalkomitee no enger Analys dann entspriechend um Nationalkongress zur Ofstëmmung stellt. Dës Propositioune mussen dem Nationalkomitee zéng Deeg virum Kongress virleien. Et brauch eng 2/3 Majoritéit beim Vote, fir eng Statutenännerung unzehuelen.

    KAPITEL 10 Opléisung

    Art 43

    D’Partei huet d’Recht sech zu jidder Zäit opzeléisen. Heifir muss de Nationalkomitee eng 2/3 Décisioun treffen, dem President seng Stëmm ass obligatoresch.

    Art 44

    D’Verméigen an dat materiellt Kapital vun der Partei ginn am Fall vun enger Opléisung un eng karitativ Organisatioun gespent.

    Art 45

    Entspriechend Moossname no enger Decisioun fir eng Opléisung leien an der Kompetenz vum demissionäre Nationalkomitee.

    Art 46

    All prozedural, temporär oder decisiv Entscheedungen, déi net an de Statuten definéiert oder virgesi sinn, ënnerleien der Décisioun vum Nationalkomitee.