Pressematdeelung 16.11.2017 Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique!

Nee fir d’Internationaliséierung vun der Fonction Publique! D’Partei déi Konservativ reagéiert via Pressematdeelung mat schaarfer Kritik un d’Adress vum Inneminister Dan Kersch an d’Regierung, déi laut Interview-Ausso, mat enger weiderer Ouverture fir den Accès vun Auslänner an de Staatsdéngscht sympathiséieren. Gambia rëselt also weider un de Grondfeste vum Staatsdéngscht, an dreift d’Internationaliséierung vum Land virun,…

Details

Pressematdeelung 06.10.2017 D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ!

D’Rechnung net ouni d’Partei déi Konservativ! D’Partei déi Konservativ reagéiert mat dëser Pressematdeelung un d’Lëtzebuerger Wort, géint d’journalistesch Diskriminéierung am Artikel “The parties and what they stand for in Luxembourg communal elections” vum 2. Oktober 2017, wou si als eenzeg politesch Partei, net an der Interview-Rei opdaucht, an och am Virfeld vun dëser Serie, net…

Details

Pressematdeelung 06.09.2017 Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun!

Déi Konservativ fuerderen: Rett d’Iechternacher Sprangprëssessioun! D’Partei déi Konservativ weist sech solidaresch mam Willibrordus Bauveräin, deen ëm Suerg ëm d’Iechternacher Sprangprëssessioun ass. Hei gesäit d’Schoulorganisatioun kee schoulfräien Dag méi fir d’Sprangprëssessioun 2019 vir, déi domat der Participatioun um kulturelle Plang an d’Quier kënnt. Nodeems den Här Meisch um Twitter op de soziale Medien no der…

Details

Pressematdeelung 21.08.2017 D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage…

D’Pressemäerche vun der Wahlsabotage… D’Partei déi Konservativ weist sech entsat iwwert d’Pressemäerche vun der Wahlsabotage am Lëtzebuerger Wort, an distanzéiert sech ausdrécklech vun dësem Genre politescher Berichterstattung. Hei gëtt d’Partei fälschlecherweis accuséiert, de 17. August en Opruff zur Wahlsabotage vun de Gemengerotswahle vum 8. Oktober 2017 gemaach ze hunn a sech scho bal gesetzeswiddreg géint…

Details

Pressematdeelung 17.08.2017 D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler

D’Zockersteier – Verloscht vu Fräiheet an Déifstall um Steierzueler. D’Partei déi Konservativ weist sech immens kritesch géintiwwer enger sougenannter “Zockersteier” op de Gedrénkskonsum, eng Iddi, déi wuel scho länger ee politesche Gedanken am Regierungskrees ass. Zwar schwätzt d’Madame Gesondheetsministesch nach net vun haut a muer, fir d’entspriechend d’Schafung an d’Aféierung vun enger neier Gambiasteier, ma…

Details

Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form.

Fir ee nationaalt Burkaverbuet an absoluter Form. D’Partei déi Konservativ begréisst d’Decisioun vu Regierung a Chamber, sech nach esou kuerz virun der Summervakanz, mat der Fro ëm d’Burka ausernaner ze setzen, an domat eng wichteg politesch Regelung an d’Gesellschaftsliewen ze ruffen. De Gesetzesprojet geet an eisen Aen, allerdéngs net wäit genuch, an ass eng hallefhäerzeg…

Details

E gemeinsamt Parteiiëssen

Léif Frënn vun déi Konservativ, De Sonndeg, den 30. Juli hat d’konservativ Partei, e gemeinsamt Parteiiëssen – dëst ganz am Zeeche vun de Gemengerotswahlen vum 8. Oktober 2017! Zësumme mat der Parteispëtzt, Memberen aus dem Nationalkomitee a bal all eise Péitenger Kandidaten, hu mir e puer gemittlech Stonnen an der Gemeng Péiteng zësumme verbruecht, an…

Details

Déi Konservativ wënschen haut um 11. Juni, alle eise Mammen, an deenen déi et ginn, zësumme mat hire Familljen, e schéine Mammendag. Dësen Dag steet zu Éiere vun der Mamm an hirer sou wäertvoller Beruffung fir eis Kanner an eis Natioun – Mamm sinn ass e respektable Beruff, a verdéngt et, honoréiert ze ginn. Mir soen der Lëtzebuerger Mamm Villmools Merci an Alles Guddes!

Details